Op den Inhalt sprangen

Garer Quartier (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Garer Quartier
Vue op de Garer Quartier (2019)
An anere Sproochen fr: Quartier de la Gare
de: Bahnhofsviertel
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 11.360
  31. Dezember 2024
Fläch 105,25 ha
Koordinaten 49° 36’ 06’’ N
      06° 07’ 54’’ O

De Garer Quartier, oder kuerz d'Gare, ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Zentrum vun der Haaptstad. Den Numm huet e vun der Stater Gare, déi do läit.

D'Al an d'Nei Avenue verbannen e mat der Uewerstad vun der Stad.

De Quartier ass 105,25 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 250,3 an 295,6 m. E grenzt am Norden un d'Uewerstad an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Quartiere Gronn, Bouneweg-Nord/Verluerekascht, Bouneweg-Süd, Gaasperech an Hollerech.

Am Nordwesten an Norde mécht d'Péitruss d'Grenz mat den Nopeschquartieren.

Enn 2015 hunn am Garer Quartier 9.930 Leit gewunnt, dovu 15,78 % Lëtzebuerger a 84,22 % Auslänner. Op den 31. Dezember 2024 waren et 11.360 Leit. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 17,89 % géintiwwer 82,11 % Auslänner. Déi am meescht representéiert Nationalitéit sinn d'Fransousen; d'Lëtzebuerger kommen eréischt op der zweeter Positioun. Et ass och den eenzege Stater Quartier wou d'Lëtzebuerger Bevëlkerung net op der éischter Plaz ass[1].

Nationalitéiten op der Gare (31. Dezember 2024)[1]
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 11 360 100,00
1 Frankräich 2 355 20,73
2 Lëtzebuerg 2 032 17,89
3 Portugal 1 459 12,84
4 Italien 1 024 9,01
5 Spuenien 468 4,12
6 Belsch 356 3,13
7 Rumänien 270 2,38
8 Däitschland 254 2,24
9 Griicheland 216 1,90
10 Indien 203 1,79
Top 10 8 637 76,03
Aner Nationalitéiten 2 723 23,97
  • Anen, Nicolas, 2012. Interview mit Historiker Robert L. Philippart über die Entwicklung des städtischen Bahnhofsviertel. Das Bahnhofsviertel ist ein Durchgangsort. Luxemburger Wort vum 27. September 2012, Bäilag Semaine nationale du logement 2012, S. 14-15.
 Commons: Garer Quartier (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2024.