Op den Inhalt sprangen

Beggen

Vu Wikipedia
Beggen
Kräizung rue Cyprien Merjai / rue Jean-Baptiste Nothomb, a Richtung Süde gekuckt
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Beggen
de: Beggen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 3.906
  31. Dezember 2024
Fläch 170,91 ha
Héicht 302 m
Koordinaten 49° 38’ 37’’ N
      06° 07’ 45’’ O

Beggen ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den nërdlechste vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg.

Beggen grenzt un d'Quartiere Millebaach am Westen, Eech am Süden, Dummeldeng am Osten an am Norden un d'Gemeng Walfer. Duerch Beggen leeft d'Uelzecht.

De Quartier huet eng Fläch vun 170,91 Hektar a läit op enger Héicht tëscht 232,10 an 302,00 m[1].

Beggen huet zur fréierer Gemeng Eech gehéiert, ier déi 1920 mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert huet[2].

Beggen war ursprénglech e klengt, aarmt Duerf am Norde vun der Festung Lëtzebuerg. Am Joer 1611 goufe siwe Stéit do ernimmt. 1635, wärend dem Drëssegjärege Krich, stoungen zéng Haiser zu Beggen, vun deenen der am Joer 1657 just nach fënnef bewunnt waren. Bei der Vollekszielung 1851 hat Beggen 150 Awunner.

Mat der Industrialiséierung an dem Besoin fir Aarbechter ass d'Bevëlkerung séier gewuess[3].

Op den 31. Dezember 2024 hunn zu Beggen 3.906 Leit gewunnt, wouvun 32,10 % Lëtzebuerger waren, géintiwwer 67,90 % Auslänner[4].

Nationalitéiten zu Beggen (31. Dezember 2024)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 3 906 100,00
1 Lëtzebuerg 1 254 32,10
2 Frankräich 461 11,80
3 Portugal 402 10,29
4 Italien 200 5,12
5 Russland 152 3,89
6 Indien 136 3,48
7 Rumänien 119 3,05
8 Belsch 111 2,84
9 Däitschland 99 2,53
10 Griicheland 83 2,12
Top 10 3 017 77,24
Aner Nationalitéiten 889 22,76
  • Théato, Fernand, 2006. Do hannen zu Beggen an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, S. 12-15. Pafendall: Chorale Sang & Klang
 Commons: Beggen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Les quartiers. maps.vdl.lu. Gekuckt den 28.05.2023.
  2. Loi du 30 juin 1920 concernant la réunion de la commune d'Eich à la ville de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt den 11.05.2021.
  3. (de) Beggen | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de 04.06.2023.
  4. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2024.