Op den Inhalt sprangen

Märel (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Quartier Märel vun der Stad Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Märel.
Märel
Vue op de Quartier Märel
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Merl
de: Merl
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 6.602
  31. Dezember 2025
Fläch 242,79 ha
Héicht 315,6 m
Koordinaten 49° 36’ 11’’ N
      06° 05’ 46’’ O
Märel (rout) an der Stad Lëtzebuerg

Märel ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Weste vun der Haaptstad.

Bis 1920 huet Märel zu der fréierer Gemeng Hollerech gehéiert.

Märel ass 242,79 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 267,3 an 315,6 m. De Quartier grenzt am Norden un d'Gemeng Bartreng an de Belair an dann, am Sënn vun der Auer, un Hollerech, Zéisseng an d'Gemeng Leideleng.

Enn 2011 hat de Quartier Märel 3.404 Awunner, 2015 waren et der 4.969.

Op den 31. Dezember 2025 hunn zu Märel 6.602 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 31,81  géintiwwer 68,19  Auslänner[1].

Nationalitéiten zu Märel (31. Dezember 2025)[1]
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 6.021 100,00
1 Lëtzebuerg 2.100 3,18
2 Frankräich 992 1,50
3 Italien 544 0,82
4 Portugal 402 0,61
5 Belsch 254 0,38
6 Spuenien 209 0,32
7 Däitschland 158 0,24
8 Indien 121 0,18
9 Russland 116 0,18
10 Rumänien 110 0,17
Top 10 5.006 7,58
Aner Nationalitéiten 1.015 92,42
 Commons: Märel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2025.