Gemeng Leideleng

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Leideleng
Coat of arms leudelange luxbrg.png
L1020048w.jpg
d'Gemengenhaus vu Leideleng
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Leudelange
de: Leudelingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Diane Bisenius-Feipel
Awunner 2.596 (1.1.2017)
Fläch 1.352,99 ha
Koordinaten 49° 33’ 59’’ N
     6° 3’ 53’’ O
Websäit http://www.leudelange.lu
Map Leudelange.PNG
D'Gemeng Leideleng (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
D'Kierch vu Leideleng mat der Monument aux morts Kapell

D'Gemeng Leideleng ass eng vun den 105 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht an ass no der Uertschaft Leideleng benannt.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Leideleng ass opgedeelt an:

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Juli 1856 gouf duerch Gesetz vum 3. Mäerz 1856, d'Gemeng Leideleng gegrënnt. Dëst ass geschitt andeems d'Sektioun Leideleng an den Haff, dee Schléiwenhaff genannt gëtt, vun der Gemeng Recken ofgetrennt goufen.

Den haitege "Kierchepad" an de "Schwaarze Pad" ginn als Deeler vum Kiem Tossebierg - Gehaansbierg gedeit[1].

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

De Wope vun der Leidelenger Gemeng weist ënnen e schwaarze Bier op gëllenem Fong an driwwer dräi sëlwer Merletten op roudem Fong.[2]

De Bier huet seng Originnen am Wope vun der Benediktinerabtei Sankt Maximäin vun Tréier.[3]

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

  • 1856 - 1861: Jean Fischbach
  • 1861 - 1873: Dominique Biver
  • 1873 - 1887: Jean Lehnertz
  • 1887 - 1888: Dominique Kirpach (faisant fonction)
  • 1888 - 1897: Jean Fischbach-Schmit
  • 1897 - 1901: Dominique Kirpach
  • 1901 - 1903: Pierre Brosius (faisant fonction)
  • 1903 - 1917: Nicolas Boeckes
  • 1917 - 1918: Nicolas Welter (faisant fonction)
  • 1918: Nicolas Welter
  • 1918 - 1921: Jean Melchior
  • 1921: Charles Stammet (faisant fonction)
  • 1921 - 1932: Jean Melchior
  • 1932 - 1940: Jean-Pierre Fischbach
  • 1940 - 1945: Ortsbürgermeister Vic. Arendt
  • 1945 - 1946: Aloyse Muller (faisant fonction)
  • 1946 - 1952: René Schummer[4]
  • 1952 - 1953: Pierre Weis
  • 1953 - 1970: René Schummer
  • 1970 - 1976: Raymond Kauffmann
  • 1976 - 1982: Nicolas Schroeder
  • 1982 - 2004: Fernand Conter
  • 2005 - 2012: Rob Roemen (DP)
  • 2013 - haut: Diane Bisenius-Feipel

Schäffen- a Gemengerot[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011 - 2017: Eugène Halsdorf (1. Schäffen), Victor Christophe (2. Schäffen), Patrick Calmus, Marcel Jakobs, Raymond Kauffmann, Marc Loess, Francisco Ramirez
  • 2017 - haut: Thomas Berend (1. Schäffen), Jean-Paul Sunnen (2. Schäffen), Raphael Gindt, Marcel Jakobs, Jean-Pierre Roemen, Lou Linster, Patrick Calmus, Christiane Hamen ép. Schmit.[5]

Flouernimm[änneren | Quelltext änneren]

  • op der aler Strooss
  • Akerheck
  • Atzebierg
  • Bakless Weieren
  • am Bann
  • Bannatsch
  • a Baerend
  • Banndriisch
  • Bernasswues
  • Berken
  • Blimmesweyer
  • Bommert
  • Boudel
  • Brichelechelchen
  • Brichen
  • Brill
  • Brommeschheck
  • vor Buchholz oder in Bruchholz
  • um Deich
  • Dompen
  • Eelchen
  • Eelchesgewan
  • am Ees
  • Géierbierg
  • Huuscht
  • Ketzlach
  • Laach
  • Neiwisen
  • Nuechtweed
  • Pessendall
  • Schéifert
  • Schireslach
  • Sporkels
  • Stengert
  • Tommelbierg
  • Uecht
  • Weierwiss
  • Witbësch
  • Zapesheck

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Leideleng ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Veräiner[änneren | Quelltext änneren]

  • 1888 Grënnung vun de Leidelenger Pompjeeën.
  • 1893 Grënnung vun der Leidelenger Musek
  • 1927 gouf zu Leideleng de Gaardebauveräin Amis de la Fleur gegrënnt.
  • Cercle Culturel & Historique A.s.b.l
  • Chorale Ste Cécile
  • Oeuvres Paroissiales
  • Enrôlés de Force
  • H.U.K. Hëllef fir Ukrainësch Kanner A.s.b.l
  • Parkinson Luxembourg A.s.b.l
  • Amiperas Sektioun Leideleng
  • Ecurie des Prés
  • Fraen a Mammen
  • Frënn vun den Leidelenger Guiden a Scouten A.s.b.l
  • Leidelenger Guiden a Scouten
  • Jugendhaus Leideleng
  • Leidelenger Pétanque Frënn A.s.b.l.
  • Natur & Ëmwelt Sektioun Leideleng
  • Spuerklub "Kee Problem"
  • Trëppelfrënn Leideleng A.s.b.l.
  • Supporterclub Leidelenger Musek
  • 1. FC Gruefwiss Leideleng
  • Dësch-Tennis Leideleng A.s.b.l.
  • KC Stramm op d'Damm Leideleng
  • LASEP Leudelange
  • Tennis-Club Leideleng
  • Velo-Club L'Endurance Leudelange A.s.b.l.

Neie Waassertuerm[änneren | Quelltext änneren]

Den neie Leidelenger Waassertuerm
Den ale Leidelenger Waassertuerm

Mat enger Héicht vun 58 m ass d'Gebai mam neie Waassertuerm, dat tëscht der Escher Autobunn an der Leidelenger Aktivitéitszon "am Bann" steet, ee vun den zéng héchste Gebaier am Land. Dëse neie Waassertuerm versuergt zesummen mat dem ale Waassertuerm, deen op derselwechter Héicht am „Hueschterterbësch" steet, den Zentrum vu Leideleng (Drockzon 1). Allen zwéin hunn e Volumen vu 500 Kubikmeter. De Schléiwenhaff (Drockzon 2) gëtt duerch den ënneschte Behälter mat sengen 900 Kubikmeter Waasser versuergt.

De Projet gouf matfinanzéiert vun der Europäescher Unioun am Kader vum "Fonds Européen de Développement Régional", dem "FEDER".

Ugefaange mat Baue gouf de 14. Juli 2005 a fäerdeg gouf en den 13. Juni 2008[6]

Reliéises[änneren | Quelltext änneren]

D'Par Leideleng gehéiert zum Parverband Gaasperech-Hollerech-Leideleng.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Administration communale de Leudelange, Gemeng Leideleng 1856-1996, Imprimerie Saint-Paul 1997, 255 S. ISBN 2-9599931-0-1

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leudelange – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kierchtuermspromenaden Leideleng
  2. „D'Or à l'ours de sable au chef de gueules chargé de trois merlettes d'argent.“ Lokalhistoresch Ausso vum Leidelenger Wopen
  3. Kuck: J.A. Massard & G. Geimer, 2009. Auf den Spuren des Braunbären diesseits und jenseits der Sauer. In: Heimatkalender 2010 Eifelkreis Bitburg-Prüm, S. 101f. [1]
  4. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX
  5. "Diane Bisenius-Feipel bleift Buergermeeschtesch." rtl.lu, 18.10.2017, 15:05:43.
  6. Broschür vum neie Waassertuern