Op den Inhalt sprangen

Gemeng Déifferdeng

Vu Wikipedia
Gemeng Déifferdeng
Stadzentrum
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Differdange
de: Differdingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Esch-Uelzecht
Chef-lieu Déifferdeng
Buergermeeschter Guy Altmeisch (LSAP)
Awunner 31.421
  1. Januar 2026
Fläch 22,18 km²
Héicht 267 m
Koordinaten 49° 31’ 22’’ N
      05° 53’ 20’’ O
Postcode 4500
LAU-Code LU0202
Websäit https://differdange.lu/

D'Gemeng Déifferdeng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Déifferdeng vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 31.421 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2][3].

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[4]

[änneren | Quelltext änneren]

Lieu-diten an Häff

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Déifferdeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg. Si ass ëmgi vun de Gemenge Péiteng, Käerjeng a Suessem op der Lëtzebuerger an de Gemengen Héiseng-Guebereng an Zounen op der Franséischer Säit.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Wandrous Péiteng Käerjeng Wandrous
N Suessem
W    Déifferdeng    O
S
Zounen (F) Héiseng-Guebereng (F)

D'Gemeng Déifferdeng ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Beschreiwung am Originaltext[5]:
D'azur au lion d'or.

A.G-D. 6. Januar 1971 - Mémorial B 1971, Säit 166 - Projet: Robert Matagne 1970 De Gemengewopen iwwerhëlt de Wope vun de fréieren Häre vun Déifferdeng a soll eng Brisure vun deene vun den Häre vun Zolwer sinn (d'argent au lion de sable) vun deenen – dem Blanchard no – déi Déifferdenger ofstame sollen.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

De Gemengerot, deen zanter 2011 aus 19 Conseillere besteet, gëtt nom Proporzsystem gewielt. De Schäfferot huet, de Buergermeeschter abegraff, 5 Memberen. Virdru waren et 17 Conseilleren, wouvun der 4 Member vum Schäfferot waren[6].


Zesummesetzung

JoerADRCSVDPgréngKPLLénkLSAPPPLFokusKons.
19991432-16---
200503820-4---
2011
2014*
0
0
3
3
7
7
3
3
1
1
1
1
4
4
---
20170427114---
2023-533016100

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
* 2014: Koalitiounswiessel

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Déifferdeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Partnerschafte mat auslännesche Stied[12]

[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema

[änneren | Quelltext änneren]
  • 100 Joer Déifferdeng, Bäilag vum Tageblatt Nr. 179 vum 3. August 2007, 24 S.
  • 100 Joer Stad Déifferdeng, Bäilag vum Wort Nr. 180 vum 4. a 5. August 2007, 48 S.
 Commons: Déifferdeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. https://lustat.statec.lu/vis?lc=fr&tm=population%20par%20commune&pg=0&df%5Bds%5D=ds-release&df%5Bid%5D=DF_X021&df%5Bag%5D=LU1&df%5Bvs%5D=1.1&pd=%2C&dq=A.&vw=tb.
  3. STATEC - Population par canton et commune. Gekuckt de 6. Juli 2026.
  4. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen, déi de Kadaster unhand vu sengen Attributiounen, déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am « Registre national des localités et des rues » opgezielt sinn. Häff a Lieu-dite sinn déi localités, wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn. Verschiddener goufen allerdéngs un d'Schreifweis vun haut ugepasst.
  5. Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 79 (fr).
  6. Lëtz. Land 20.5.2011, S.7.
  7. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  8. 1 2 Archives nationales de Luxembourg, Budgets et comptes des communes et des établissements publics - Differdange, 1857-1880, I-C-033
  9. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert den 28.03.2016. Gekuckt de 05.11.2015.
  10. "Roberto Traversini als Buergermeeschter ugeholl." rtl.lu, leschten Update: 22.01.2014, 13:16.
  11. (fr) Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (04.07.2023). Gekuckt de 04.07.2023.
  12. (fr) Villes jumelées. Ville de Differdange Archivéiert de 27.02.2020. Gekuckt de 27.02.2020.