Fond-de-Gras
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Fond-de-Gras a Gras | |
---|---|
Elektrozentral Paul Wurth | |
An anere Sproochen |
fr: Fond-de-Gras de: Fond-de-Gras |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng |
Déifferdeng Péiteng |
Buergermeeschter |
Guy Altmeisch (LSAP) Jean-Marie Halsdorf (CSV) |
Koordinaten |
49° 32’ 03’’ N 05° 51’ 46’’ O |
De Fond-de-Gras (lokal: a Gras[1]) gehéiert zum Deel zu de Gemengen Déifferdeng a Péiteng.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Fond-de-Gras läit an engem Dall um Fouss vum Tëtelbierg an direkter Noperschaft zu Zowaasch an dem Rouden Haff, am Süde vu Lëtzebuerg. En Deel vun de Gebailechkeete gehéiert zu der Déifferdenger Gemeng (Café, al Epicerie, Musée). D'Gare mat den Atelieren an de Schäpp an d'elektresch Zentral stinn op Rollenger Terrain, also an der Gemeng Péiteng.
Toponymie
[änneren | Quelltext änneren]- Op Postkaarte vu virun 1900 ass et "Fond de Grâce" geschriwwe ginn!
- Kuerz no 1900 steet op enger Postkaart "Fond de Gras".
- Op topographesche Kaarte vun 1907 steet da "Fond de Graas" (mat zwee "a") oder och nach Bëschdeeler wéi Graaskap a Graasken.
- Op topographesche Kaarten ab 1950 steet dann op eemol "Fond de Gras", wéi et nach haut geschriwwe gëtt.
- Am 2. Weltkrich hunn d'Preisen et "Gnadengrund" genannt, wat nees op "Grâce" hiweist.
- Laut aneren Zäitzeien hunn d'Preisen et "Erzgründchen" genannt.
Duerch wat fir Ëmstänn et zu deene verschiddene Schreifweise komm ass, ass dem Auteur (Claude Arend) bis haut onbekannt.
D'Aussproch ass awer bliwwen, d.h. ee laangen "a" mat engem schaarfen ausgeschwaten "s" zum Schluss.
Die Deutung Gras = Grâce = Gnade und damit Fond de Grâce - Gnadengrund ist nicht haltbar. (René Klein / Lamadelaine)[2][3]
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Déi fréier Hollerecher Elektrozentral
- Minièresbunn am Fond-de-Gras
- Faart mat der Eisebunn op Rodange oder op Péiteng
- D'Gare vum Fond-de-Gras
- Café Bei der Giedel
- Naturléierpad Giele Botter
- Epicerie Binck am Fond-de-Gras
- Historesch Eisebunnshalen
- Deeler vun enger Walzstross
- Industrie- an Eisebunnspark Fond-de-Gras
- Eisebunnsstreck Péiteng - Fond-de-Gras - Doihl
D'Gare an d'Eisebunnsstreck tëscht Doihl - Fond-de-Gras a Fuussbësch mam technesche Material dat dozou gehéiert sinn op der Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter klasséiert.[4]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Fondation Bassin Minier (Hg.): Le Fond-de-Gras – Histoire(s) d'un lieu : Des origines à nos jours / Der Fond-de-Gras – Geschicht(en) eines Ortes: Von seinen Anfängen bis zur Gegenwart (Mutations: mémoires et perspectives du Bassin Minier, 8), Esch/Alzette: Fondation Bassin Minier 2015, ISSN 2078-7634.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Fond-de-Gras – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vum Fond-de-Gras
- Offiziell Säit vum Train 1900
- Websäit vun der Minièresbunn Doihl asbl
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ (de)Fond de Gras (FdG). maer-rollengers Webseite!. Gekuckt de(n) 21.02.2023.
- ↑ (fr)PRONONCIATION FOND-DE-GRAS – Minett park. Gekuckt de(n) 21.02.2023.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).