Epicerie Binck am Fond-de-Gras

Vu Wikipedia
D'Epicerie Victor Binck

D'Epicerie Binck am Fond-de-Gras ass d'Ariichtung vun der fréierer Epicerie Binck, déi zu Déifferdeng an der Avenue de la Liberté stoung.

Nodeem d'Epicerie zougemaach hat, huet de Service des sites et monuments nationaux d'Butteksariichtung mat de Wueren iwwerholl, an dat Ganzt als "Épicerie-Musée" am Industrie- an Eisebunnspark Fond-de-Gras direkt nieft dem Café Bei der Giedel opbaue gelooss.

An engem anere Raum ass eng kleng Kaffisréischterei ausgestallt, déi awer net aus der fréierer Epicerie Binck kënnt.