Op den Inhalt sprangen

Hollerecher Elektrozentral

Vu Wikipedia
Hollerecher Elektrozentral
Déi fréier Hollerecher Elektrozentral, nees opgebaut am Fond-de-Gras
Typ Musée
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Péiteng
Plaz Minett Park Fond-de-Gras
Koordinaten 49°32'5,701"N, 5°51'40,349"O
Gestioun
Visiteuren/Joer
Gebai
Datum vum Bau 1913
Kollektioun
Exponater

D'Hollerecher Elektrozentral gouf tëscht 1913 an 1914 zu Hollerech vun der Union des Aciéries gebaut. 1923 koum se, grad wéi d'Géisserei, an de Besëtz vun den Ateliers Paul Wurth.

An der Zentral, déi aus enger grousser Dampchaudière mat Killtuerm bestanen huet, gouf iwwer eng Dampmaschinn mat horizontale Pistonen eng Generatrice ugedriwwen déi 250 Volt Gläichstroum geliwwert huet.

De Stroum gouf vun den Ateliere vu Paul Wurth gebraucht. Donieft gouf d'Tubaksmanufaktur Heintz van Landewyck an d'Schampeskellerei Mercier, souwéi en ettlech Stéit beliwwert.

Wéi 1980 d'Zentral opgehalen huet mat schaffen, goufen d'Hal an déi Haaptelementer ofgeriicht an 1988 am Industrie- an Eisebunnspark Fond-de-Gras erëm opgeriicht.

Do kann ee se elo sonndes tëscht 2 a 6 Auer mëttes kucke goen.

 Commons: Hollerecher Elektrozentral – Biller, Videoen oder Audiodateien