Heintz Van Landewyck

Vu Wikipedia
Heintz Van Landewyck
Landewyck Tobacco S.A.
De Siège an der Hollerecher Strooss
Grënnungsdatum 1847
Sëtz 31, Hollerecher Strooss
Lëtzebuerg
Leedung Jan Vandenneucker (CEO)[1]
Branche Tubaksindustrie
Produit Tubakswueren
Homepage landewyck.com


Heintz Van Landewyck (HVL) ass den Numm vun enger Rei[2] Firmen, déi virun allem an der Tubaksindustrie schaffen.

All d'Servicer, d'Produktioun an den Handel am Zesummenhang mam Tubak gi vun der Landewyck Tobacco s.a. realiséiert[3].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi ursprénglech Firma gouf 1847 an der Neipuertsgaass vum Jean-Pierre Heintz gegrënnt, dee mat der Joséphine Van Landewyck bestuet war. 1873 huet si hir éischt Mark, Regalia, registréiere gelooss. 1880 huet Heintz Van Landewyck domat ugefaangen, Zigaretten ze produzéieren. Nodeems d'Firma noeneen ë. a. an der Groussgaass an an der Biedergaass hir Atelieren hat, huet de Joseph Heintz, Fils vum Firmegrënner, 1897 d'Fabrick zu Hollerech installéiert. 1905 goung do déi éischt mechanesch Zigarettefëllmaschinn a Betrib; virdrun ass dat vun Hand gemaach ginn[4].

Nom Éischte Weltkrich sinn duerch d'Kënnegung vum Zollveräin d'Douanestaxe fir den Export an Däitschland an d'Luucht gaangen, an Heintz Van Landewyck huet 1925 eng Fabrick zu Tréier opgemaach, fir do kompetitiv ze bleiwen. 1935-37 gouf d'Fabrick zu Hollerech moderniséiert (Architekt: Georges Traus). 1938 huet Heintz Van Landewick d'Firma Fixmer vun Ettelbréck iwwerholl[4].

Direkt no der Befreiung duerch d'Amerikaner am Zweete Weltkrich, 1944, huet si d'Zigarettemark Maryland lancéiert. 1946 huet si d'Firma Cahen iwwerholl, a gouf domat deen eenzege Produzent vun Tubakwueren zu Lëtzebuerg. 1963 gouf eng nei Fabrick zu Ettelbréck opgemaach, an dat selwecht Joer huet Heintz Van Landewyck eng Joint Venture mam amerikanesche Produzent Lorillard kreéiert, fir do ënner Lizenz, Marke wéi Kent an Newport ze fabrizéieren. 1969 koum als nei Mark Ducal op de Maart[4].

An den 1970er Jore gouf déi al Fixmer-Fabrick ofgerappt, an d'Firma Fixmer huet sech als ee Grossist ëmstrukturéiert an ass op Stroossen geplënnert[4]. Fixmer huet spéiderhin zu Nidderkäerjeng eng 20.000 Quadratmeter grouss Lagerhal gebaut, a Lyfra, deen zweetgréisste belsche Grossist, opkaaft[5].

An den 1980er Joren huet Lorillard d'Zesummenaarbecht gekënnegt, an Heintz Van Landewyck ass dozou iwwergaangen, nieft hiren eegene Marke virun allem Handelsmarke fir auslännesch Distributeuren (Discounter) ze produzéieren. 2015 waren dat 45% vun hirer Zigaretteproduktioun, 55% waren eege Marken[4].

2007 huet si Torrekens Tobacco bal ganz iwwerholl.[5]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Den Opbau vum Groupe Heintz Van Landewyck[änneren | Quelltext änneren]

Heintz Van Landewyck ass zu 75 % am Besëtz vun den Nokomme vum Firmegrënner Jean-Pierre Heintz a senger Fra Joséphine van Landewyck. Vun de 26 Aktionären hunn déi meescht just eng kleng Part; e groussen Deel ass op zwou Societéite verdeelt, an deenen d'Nokomme vum Arbeds-Direkter Aloyse Meyer (dee mat der Eugénie Heintz, der Urenkelin vum Jean-Pierre Heintz, bestuet war) zesummegeschloss sinn[5]. Et sinn dat Romey s.à r.l. (32% vum Kapital), eng SOPARFI déi vun de Kanner vum Robert Meyer gegrënnt gouf[6][7] a Frame s.à r.l. (22% vum Kapital), eng SOPARFI déi vum Marc Meyer, dem fréieren President vun HVL, gegrënnt ginn ass[8][9].

Den anere Véierel vum Aktionariat gehéiert der British American Tobacco (BAT). Si kruten déi wéi se d'Manufaktur Brinkmann zu Bremen kaaft hunn déi zanter 1970 Aktionär vun HVL war[5].

D'Grupp ass zu Lëtzebuerg un enger Hellewull Holdingen a Gesellschafte bedeelegt, dorënner:

  • Heintz Van Landewyck Participations s.a. (fréier s.à r.l.)[5][10]
  • Heintz Van Landewyck Production s.à r.l.[5][11]
  • Manufacture de Tabacs Heintz Van Landewyck s.à r.l.[5][12]
  • Landewyck Group s.à r.l.[5]
  • Landimmo s.a., eng Immobiliegesellschaft[5][13]
  • Landewyck Holding s.à r.l.[14]
  • Landewyck Tobacco s.a.[14]
  • Landimmo Real estate s.à r.l.[15]

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

2014 huet HVL 9 Milliarden Zigarette produzéiert, derbäikommen 8.500 Tonnen Tubak fir selwer ze dréinen.

D'Grupp HVL huet 2015 ronn 2000 Mataarbechter an de Beräicher Tubak a Groussdistributioun, dovun 800 zu Lëtzebuerg, 500 an Ungarn, 300 an Däitschland, 250 an der Belsch, an och a Frankräich, Spuenien an Holland.[4] Si geréiert 6 Fabricken an Europa an huet an 10 Länner Filialen. An Andorra zum Beispill léisst si d'Mark Elixyr produzéieren. Aner Marke sinn Che oder Maya.[5] Heintz van Landewyck ass den drëttgréisste Produzent vun der Welt vun eidelen Zigarettepabeierstübe fir selwer ze fëllen.[5]

2012 huet d'Grupp Heintz Van Landewyk e Gewënn vu 25,7 Milliounen Euro gemaach. Den Tubak ass weiderhin dat wichtegst Produktsegment: 2010 huet d'Grupp domat en Ëmsaz vun 1,9 Milliarden Euro gemaach a mat den anere Beräicher 177 Milliounen.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heintz Van Landewyck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Global Management. https://landewyck.com.+Gekuckt de(n) 13.06.2022.
  2. Memorial-Recherche Heintz Van Landewyck Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2010-01-15.
  3. B173798 Landewyck Tobacco s.a. – Statuts coordonnés au 10 septembre 2019 « Art. 4 – La société a pour objet tant au Grand-Duché de Luxembourg qu'à l'étranger la prestation de services, la fabrication et le commerce de marchandises de tous genres, notamment du tabac, ainsi que les opérations se rattachant à ces industries et commerces ou de nature à en favoriser le développement. »
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 4,4 4,5 Andreas Adam: "Rauchzeichen aus Luxemburg". wort.lu, 18. Juni 2015 um 12:02.
  5. 5,00 5,01 5,02 5,03 5,04 5,05 5,06 5,07 5,08 5,09 5,10 5,11 Bernard Thomas (2014) an der Literatur.
  6. Memorial, Lien tëscht Romey an HvL
  7. Handelsregëster: B57096, immatrikuléiert den 13. Dezember 1996
  8. Memorial, Lien tëscht Frame an HvL (Art. 7)
  9. Handelsregëster: B57395, immatrikuléiert den 9. Januar 1997
  10. Handelsregëster: B9158, immatrikuléiert den 21. August 1970, gestrach de 25. Oktober 1985
  11. Handelsregëster: B7190, immatrikuléiert den 29. August 1911
  12. Handelsregëster: B87229, immatrikuléiert de 16. Mee 2002
  13. Handelsregëster: B86792, immatrikuléiert de 16. Abrëll 2002
  14. 14,0 14,1 Handelsregëster: B173798, immatrikuléiert den 31. Dezember 2012
  15. Handelsregëster: B174011, immatrikuléiert den 9. Januar 2013