Aciéries réunies de Burbach-Eich-Dudelange

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Arbed)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Sëtz an der Neier Avenue.

D'Aciéries réunies de Burbach-Eich-Dudelange, besser bekannt ënner dem Kierzel ARBED, war e lëtzebuergesche Siderurgiegrupp mat internationaler Bedeitung. 1911 aus enger Fusioun entstane gouf aus der ARBED mat der Zäit fir d'éischt déi wichtegst Grupp am wichtegste Wirtschaftssekteur zu Lëtzebuerg an, no der Stolkris vun de 1970er Joren, schliisslech deen eenzege Stolproduzent am Land. D'ARBED ass 2002 iwwer eng Fusioun an deem neien europäesche Stolgrupp Arcelor opgaangen aus deem sengersäits 2006 ArcelorMittal ginn ass. Och zu deem Moment war déi fréier ARBED nach ëmmer dee wichtegste privaten Employeur zu Lëtzebuerg.

Virgeschicht a Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

Och wann d'ARBED eréischt 1911 gegrënnt ginn ass, fänkt d'Geschicht vun dësem Grupp awer schonn am 19. Joerhonnert un. Den Urspronk kann een op 1838 datéieren, d'Joer an deem d'Bridder Metz d'Bäerbuerger Schmelz gepacht hunn. Hir Gesellschaft Metz & Cie huet 1846 d'Eecher Schmelz an 1865 d'Dummeldenger Schmelz gegrënnt.

Deen anere Grousspapp vun der Arbed ass de Victor Tesch. Hie stoung 1856 un der Spëtzt vun de Grënner vun der Burbacher Schmelz am Saarland.

D'Protagonisten aus dësen zwou Gesellschaften hu lues a lues Participatiounen op béide Säite geholl, an 1871 gouf d'Metze Schmelz tëscht Esch-Uelzecht a Schëffleng als Joint Venture gegrënnt. Den Norbert Metz an de Victor Tesch waren och 1882 d'Haaptakteure bei der Grënnung vun der Diddelenger Schmelz. Dobäi koume familiär Verbindungen. Den Norbert Metz zum Beispill war an éischtem an an zweetem Bestietnes mat Cousinne vum Victor Tesch bestuet. Säi Bouf, den Emile Metz, war mam Victor Tesch senger Duechter Edmée bestuet.

Zwanzeg Joer nom Doud vun der Grënnergeneratioun, war d'Fusioun vun de verschiddene Schmelzen e Wee fir e méi staarke Grupp op d'Been ze stellen. Während déi eenzel Schmelzen am 19. Joerhonnert dacks einfache Goss produzéiert a weiderverkaaft hunn, gouf et Ufank vum 20. Joerhonnert kloer datt d'Schmelzen Intressi haten de Goss an de Stol an hiren eegene Walzwierk weiderzeverschaffen an eng méi grouss Valeur ajoutée ze schafen.

Zwéin Nokomme vun de Famillen Tesch a Metz, den Hubert Muller-Tesch an den Norbert Le Gallais, souzen an de Gremie vun den dräi Haaptgesellschaften, der Metz & Cie, der Société anonyme des Mines du Luxembourg et des Forges de Sarrebruck an der Société anonyme des Hauts-fourneaux et Forges de Dudelange. Déi richteg Pappe vun der ARBED sinn awer den Ingenieur Emile Mayrisch, deem seng Mamm eng Metz war an deen 1896 techneschen Direkter vun der Diddelenger Schmelz gi war, an de Jurist a Finanzexpert Gaston Barbanson, e Kandskand vum Victor Tesch a Fils vun engem Vice-gouverneur vun der Société générale de Belgique an zanter 1905 ee vun de Kommissäre vun der Diddelenger Schmelz.

Sou war et 1909 zu Diddeleng, datt de Mayrisch dem Barabanson vu sengem Plang geschwat huet d'Diddelenger Schmelz, d'Dummeldenger an d'Eecher Schmelze souwéi d'Burbacher Schmelz an also och d'Metze Schmelz an enger Gesellschaft ze fusionéieren.

De Projet war net onëmstridden. D'Direktere vun Dummeldeng a Burbach, den Norbert Le Gallais an den Edmond Weisdorff, waren net begeeschtert datt hir Poste mat der Fusioun u Wichtegkeet géife verléieren. De Projet war och sou scho komplizéiert genuch, souwuel um juristesche wéi um finanzielle Plang.

Den 8. Juli 1911 hunn d'Verwaltungsréit an d'Kommissäre vun den dräi betraffene Gesellschaften zu Bréissel decidéiert wéi d'Fusioun sollt oflafen:

  • D'lëtzebuergesch Gesellschaft Société anonyme des Hauts-fourneaux et Forges de Dudelange géif d'Aktiva vun der lëtzebuergescher Société en commandite Le Gallais, Metz & Cie an der belscher Société anonyme des Mines du Luxembourg et des Forges de Sarrebruck absorbéieren an den Numm Aciéries Réunies Burbach-Eich-Dudelange Société Anonyme unhuelen.
  • D'Aktionäre vun Diddeleng géifen 32.000 Aktien (33%) behalen, déi vu Burbach krite 46.500 Aktien (47%) an déi vun der Metz & Cie der 20.000 (20%).

Dëse Projet gouf eestëmmeg vun den dräi Generalversammlungen ugeholl an den 30. Oktober 1911 ass d'ARBED gebuer.

D'Gesellschaft gouf zu Bréissel op der Bourse cotéiert. An de Bicher war d'ARBED dee Moment 30.622.430 Frang wäert. D'Actionnariat vun der ARBED wier vun Ufank u wäit gestreet gewiescht, virun allem zu Lëtzebuerg an an der Belsch. Déi puer grouss Aktionäre, virun allem d'Nokomme vun de Famille Metz an Tesch, hätten och zesummen ni eng Majoritéit gehat. Enn 1912 louch den Aktiëcours bei 1.790 belsch Frang.

De Verwaltungsrot gouf vum Hubert Muller-Tesch presidéiert. De Charles Simons war Vizepresident an den Tony Dutreux, den Auguste Laval, den Norbert Le Gallais, de Léon Barbanson, den Numa Ensch, den Adolphe Schmit, de Léon Metz, den Adolphe Ziane, de Georges Dewandre an de Gaston Barbanson Memberen. De Gaston Barbanson gouf 1919 President vum Verwaltungsrot.

Den Emile Mayrisch gouf technesche Generaldirekter, den Edmond Weisdorff kommerzielle Generaldirekter. Den éischte Generalsekretär war de Léon Laval, den Edmond Muller-Tesch gouf Direkter fir d'Minen zu Lëtzebuerg an a Loutrengen, den Eugène Heynen Direkter vu Burbach, den Émile Bian Direkter vun Eech an Dummeldeng, den Aloyse Meyer Direkter vun Diddeleng an den Hubert Hoff, deen eenzegen Däitschen, Direkter vun der aler Metze Schmelz. 1918 gouf de Mayrisch eleng Generaldirekter a 1920 President vun der Direktioun.

Nieft de Schmelzen hunn déi dräi Gesellschaften och hir Minekonzessiounen zu Lëtzebuerg an a Loutrengen an d'ARBED abruecht. Zu Lëtzebuerg hunn hinnen am Ganze 485 Hektar Terrain gehéiert, fir 308 Hektar hate si Minekonzessiounen a fir 282 Hektar Extractiounsrechter, am Ganzen also 1.075 Hektar. A Loutrengen hate si Konzessiounen oder Bedeelegungen u Konzessiounen fir 2.710 Hektar.

D'ARBED ass 1911 awer nach laang net gläichbedeitend mat der lëtzebuergescher Siderurgie wéi dat spéider mol sollt ginn. Si produzéiert zu deem Moment eng 31% vum Goss deen am Land hiergestallt gëtt. Den Ëmsaz läit bei ronn 360 Millioune Frang. 1913 produzéiert d'ARBED 415.645 Tonne Stol zu Lëtzebuerg an huet 7.000 Mataarbechter.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft w.e.g. mat, fir et ze komplettéieren.


Stolkris[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft w.e.g. mat, fir et ze komplettéieren.


Am 21. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft w.e.g. mat, fir et ze komplettéieren.


Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Félix Chomé: ARBED, Un demi-siècle d'histoire industrielle 1911-1964, Lëtzebuerg, ouni Datum
  • Gilbert Trausch: L'ARBED dans la société luxembourgeoise, ARBED, Lëtzebuerg, 2000

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arbed – Biller, Videoen oder Audiodateien