Arcelor

Vu Wikipedia
Arcelor
De Verwaltungssëtz vun der Arcelor an der Stad Lëtzebuerg. Den Architekt war de Sosthène Weis.

D'Arcelor war eng europäesch Gesellschaft, där hir Haaptaktivitéit d'Stolproduktioun a -veraarbechtung war. Si ass den 18. Februar 2002 aus der Fusioun vun der Aceralia (Spuenien), der Arbed (Lëtzebuerg) an der Usinor (Frankräich) entstanen.

2006 huet se mat der Mittal Steel Company zu enger neier Gesellschaft mam Numm Arcelor Mittal fusionéiert. D'Arcelor hat hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.

Si war bis Oktober 2004, mat 46,6 Milliounen Tonnen, plus 5,4 Milliounen, déi aus dem Kaf am Januar 2006, vun der kanadescher Grupp Dofasco derbäikoumen, dee gréisste Stolproduzent vun der Welt (4,5 % vum Weltmaart). Zanterhier huet Mittal déi éischt Plaz. Der Arcelor hiren Ëmsaz louch 2005 bei 32,6 Milliarden Euro, den Nettogewënn bei engem Rekord vun 3,9 Milliarden Euro.

D'Arcelor hat eng 96.000 Leit a méi wéi 60 Länner beschäftegt, mat engem Effektif vu 77 % an Europa.

De Grupp hat 4 Haaptbranchen:

  • De Flaachstol: Blech fir Autoen (15 % vum Weltmarché), Verpakung (haaptsächlech bleche Béchsen), Bau, Apparater fir de Stot. Déi Produkter hu 55 % vum Chiffre d'affaires vum Grupp ausgemaach.
  • Laangprodukter: Schinnen, Dréier, Staangen. (20 % vum Chiffre d'affaires)
  • Stol deen net rascht, mat 12 % vum Chiffre d'affaires.
  • d'Verschaffen an d'Vermaarte vun hire Produkter

Haaptfilialen[änneren | Quelltext änneren]

  • Acesita - Acindar - Arcelor packaging - CST - CSTB - Eko Stahl - Industeel - Imphy Alloys - Sidmar - Sollac lorraine - Sollac mediterranée - Trefilarbed - Ugine - Vega do Sul.
  • Brasilien, Russland, Indien, China, Europa an d'Tierkei ("BRICET") sinn déi Länner a Géigenden, wou d'Arcelor sech fir d'Zukunft positionéiere wollt.

Aktionären Enn 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • 5,6 % de Lëtzebuerger Staat
  • 3,5 % JMAC BV-Aristrain
  • d'Region Wallounien: SOGEPA mat 2,4 % an d'Aarbechter 0,9 %
  • 87,4 % ass Kapital op der Bourse an deelweis an den Hänn vun Arcelor.

Cotatiounen op der Bourse[änneren | Quelltext änneren]

Generaldirektioun 2005[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]