Wallounien

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Wallonia (Belgium) location.svg

Wallounien (op Wallounesch: Walonreye oder Waloneye) ass eng kulturell an historesch Géigend am Süde vun der Belsch. Si ass praktesch deckungsgläich mat der politescher wallounescher Regioun déi an den 1970er Joren entstanen ass. Eent vun de wichtegsten Elementer dat Wallounie charakteriséiert ass d'Sproochegrenz vum romanesche Süden mat dem germaneschen Norden an Osten. Am grousse Ganzen zitt déi Grenz sech vun Dunkerque iwwer Mouscron, Renaix, Enghien, an Halle bis an de Süde vu Bréissel fir da weider iwwer Landen a Glons laanscht Maastricht bis op Aubel ze kommen. Do dréint se no Süden an Direktioun Malmedy, Maartel an Arel fir bis op d'Grenz vum franséische Loutrengen ze kommen. Dobäi mécht s'am Norden d'Grenz mat den hollänneschen Dialekter am am Oste mat den däitschen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Wallounien huet eng Fläch vu ronn 16.900 km², wouvu mat Ausnam vum wallounesche Brabant südlech vu Bréissel an enger grousser Partie vum westlechen Hainaut op der franséischer Grenz, praktesch alles zum Territoire vum belsche Meusebaseng gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Ekonomie viru 1750[änneren | Quelltext änneren]

Den natierleche Räichtum huet d'Ekonomie vun der spéiderer wallounescher Géigend scho vum Mëttelalter u konditionéiert. Kuelen, Eisenäerzer, Bläi an Zënn hunn do eng grouss Roll gespillt. Fir Veraarbechtung vum Messeng a vum Koffer goufen Iewen a Mulle gebraucht. Dat hat mat sech bruecht datt sech e groussen Handel mat leemege Biedem, Derle genannt entwéckelt huet, an dat déi Betriber déi drop ugewise waren, sech sou no wéi méiglech bei de Plazen installéiert hunn wou déi Biedem ze fanne waren, wéi ëm Namouer, Andenne (wäiss Derle), Andenelle, Couthuin, Héron, Huy an Dinant. D'Derle déi vun de Kofferschléier gebraucht gouf koum vu Rhisnes. D'Steekaulen op der Meuse an um Escaut hu Kalleksteng geliwwert an déi vun Dinant de schwaarze Marber. D'Réistoffer déi aus dem Akerbau an der Véizuucht koumen, grad wéi déi aus de Bëscher, an d'Handwierker déi sech domat beschäftegt hunn, hunn och eng grouss Roll gespillt, woubäi mat virop d'Wollproduktioun, d'Gierwereien, souwéi den Ubau vu Fluess a Geed.

Metallurgie[änneren | Quelltext änneren]

Grouss Schmëtten hu sech ufanks an den Däller vun den Ardennen, laanscht d'Baachen a Flëss am Condroz, tëscht Sambre a Meuse, flossof vun Namouer an am Pays de Franchimont néiergelooss. D'Metall wat an de Schmëtte produzéiert gouf bei der Fabrikatioun vu blanke Waffen, Rëschtungen a Kanoune gebraucht souwéi an den Neelfabrécken. De Koffer gouf haaptsächlech am Dall vun der Meuse verschafft, wärend de Messeng am Dall vum Escaut a besonnesch zu Tournai produzéiert gouf, wat et domat tëscht dem 13. a 15. Joerhonnert zu enger grousser Prosperitéit bruecht huet. Vum 14. Joerhonnert goufen och Bläi- a Galmeiminnen am Dall vun der Meuse tëscht Huy an Andenne exploitéiert. Anerer waren zu Plombières a zu La Calamine, zwou Uertschaften déi hiren Numm deene Metaller a Mineraler ze verdanken hunn. Am 15. Joerhonnert goufen déi éischt Héichiewen installéiert, an déi direkt Eiseproduktioun gouf sou mat enger indirekter ersat déi méi e propert Endprodukt geliwwert huet. Den Affinage gouf duerno a klenge Fabrécke gemaach, déi laanscht d'Baache stoungen, well d'Waasserkraaft gebraucht gouf fir d'Gebléiser vun den Iewen an deenen de Goss nees geschmollt gouf fir en ze rengegen, unzedreiwen.

Textil[änneren | Quelltext änneren]

Kuelen[änneren | Quelltext änneren]

Gierwereien[änneren | Quelltext änneren]

Pabeier[änneren | Quelltext änneren]

=Keramik[änneren | Quelltext änneren]

No 1750[änneren | Quelltext änneren]

Wann och d'Ekonomie vu Wallounie laang der allgemenger Ekonomie vun der Belsch entsprach huet, sou hat d'Industrialiséierung méi a rapiden a bei Wäitem och méi e groussen Impakt op d'Ekonomie wéi an den Territoire ronderëm. Ënner dem Wëllem I. war den hollännesche Maart mat iwwer zwou Millioune Verbraucher zesumme mat deem vun Ostindien op fir d'wallounesch Industrie déi déi Zäit nëmme sou gefluppt huet. D'Belsch Revolutioun huet déi kommerziell Relatioune brutal ënnerbrach, an d'Wallounesch Industrie konnt näischt méi bei senge protektionisteschen Noperen ofsetzen. Well den Escaut zougemach gouf war de maritimen Hanndel ënnerbonn an d'Verbindung mat Däitschland iwwer de Rhäin onméiglech ginn. Déi Situatioun huet mat sech bruecht datt d'Kuelegrouwen, sief dat am Lécker Baseng oder an deem vum Hainaut, nëmme méi am Ralenti gelaf sinn. D'Textilindustrie ass praktesch zesummegebrach, an d'Siderurgie an d'Metallkonstruktioun haten och batter ënner de Konequenzen ze leiden, sou datt 1832 nëmme nach knapps d'Hallschent vun den Héichiewen ënner Feier stoungen. Et huet e puer Joer gedauert bis d'wallounesch Industrie sech dovun erkritt hat, wat allerdéngs och nëmme méiglech war welle de jonkt belsche Staat, grouss Investitiounen am Eisebunnsbau, am Stroossebau a fir d'Schëffaart, gemaach huet. Obschonn tëscht 1830 an 1850 ronn 1.700 km nei Stroosse gebaut goufen an den Tonnage 1844 op eng Moyenne vun 160 to/Dag geschat gouf, huet déi kontinuéierlech Entwecklung vum Eisebunnsnetz, den Transport op der Strooss op e Minimum reduzéiert, soudatt de Finanzminister Walthère Frère-Orban decidéiert huet d'Octroise vun de Gemengen ofzeschafen a siwe Joer drop goufen och d'Barrière vun de Mauten op de Staatsstroossen ewechgrappt. D'Kanalistioun vun der Sambre an de Bau vum Kanal Bréissel-Charleroi hunn dem Waassertransport (besonnesch fir d'Kuelegrouwe) vill weidergehollef.

Banken[änneren | Quelltext änneren]

Nieft den zwou grousse Banken, der Société générale de Belgique an der Banque de Belgique déi um nationalen Niveau vertruede waren, war d'Banque liégeoise et caisse d'épargne um méi regional Plang vertrueden.

D'Société générale déi vun Ufank un e groussen Afloss am Metallurgiessecteur hat, huet sech och fir d'Kuelegrouwen intresséiert, an dat an engem Mooss, datt se 1848 ëm déi 25 % vun alle Kuelenexploitatiounen a Wallounien an hirem Portefeuille hat.

Landwirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

D'Landwirtschaft a Wallounien war grad wéi an der ganzer Belsch, schonn an der Zäit vum Feudalsysteem relativ héich entwéckelt. Ëm 1830 konnt een e bal perfekten Zoustand bemierken. D'Agrarstrukturen hate sech optimal un déi geologesch, ekonomesch an demographesch Zoustänn ugepasst, och wann déi vun enger Géigend zu der anerer zimmlech verschidde waren. D'ländlech Géigenden ware ganz variéiert, an d'Haaptënnerscheeder louchen an der Gréisst vun de Betriber, sou wéi och an der Intensitéit vun de Kulturen oder vun der Véizuucht. D'Landwirtschaft ht op jiddwer Fall eng Wichteg Plaz an der Ekonomie vun de wallounesche Provënzen an d'Ëffentlech Hand war bestrieft fir der landwirtschaftlech Produktioun weiderzehëllefen. Sou gouf 1834 de Conseil supérieur de l'agriculture gegrënnt, deen ënner sengem Hutt d'provënzial a kantonal Strukture sollt zesummebréngen, déi sech op hirem Niveau sollten ëm d'Verbreede vun den Neiegkeeten an der Agrarwëssenschaft bekëmmeren. 1846 gouf eng Statistik opgestallt an där déi verschidden Terroiren erfaasst goufen. Aus dät goung ervir datt am Arrondissement Nivelles am Hainaut knapps 1 % vun der landwirtschaftlecher Fläch brooch louch, woubäi d'Provënze Léck an Namouer 15 respektiv 12 % Broochen affichéiert hunn. An der Provënz Lëtzebuerg war d'Situatioun net grad sou gënschteg. Op villen Terrainen hat d'Heed iwwerhand geholl, a vill Fläche wgoufen net ageséit, sou datt 40 % vun der méiglecher Fläch net fir Kulture benotzt gouf. E groussen Deel dervu gouf allerdéngs benotzt fir Véi drop lafen ze loossen, wat eng Erklärung fir den héije Véibestand vun deemools an där Provënz ass.

D'Gesetz vum 25. Mäerz 1847 iwwer den Défrichement vun de Gemengenterrainen huet d'landwirtschaftlech Fläch an Luucht gedriwwen an de Bau vun neie Stroossen hunn d'Erbäibrénge vun Dünger méi einfach gemaach. De Staat huet an de Provënzen Namouer, Léck a Lëtzebuerg Subside op den Transportpräisser vum Kallek ginn. Wéi 1850 de Ministère dunn och nach eng Campagne fir den Drainage lancéiert huet, sinn eng Hellewull Rouerfabrécken, besonnesch am Hainaut aus dem Buedem geschooss.

Déi meescht Proprietären, hunn ausser an der Provënz Lëtzebuerg, hiert Land net selwer bewirtschaft. Am Hainaut goufe ronn 70 % vun de Lännereie vu Piechter exploitéiert. De Kärenubau war e rentabelt Geschäft a vun 1840 un sinn d'Präisser stänneg an Luucht gaangen. D'Gromperekränkt vun 1850 hat besonnesch d'flämesch Regioun betraff, wat de Kärebaueren a Wallounien e schéine Profit bruecht huet.

Industrie[änneren | Quelltext änneren]