Malmedy

Vu Wikipedia
Malmedy
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Awunner 12.654 (1. Januar 2018)
Fläch 10.062
Koordinaten 50° 25’ 32’’ N
      06° 01’ 44’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4710
Websäit https://www.malmedy.be/

Malmedy (wa.: Måmdey) ass eng Stad a Gemeng, déi am Oste vun der Belsch, an der Provënz Léck, läit, do wou d'Warche an d'Warchenne zesummefléissen.

Bellevaux-Ligneuville a Bevercé sinn aner Uertschaften, déi zu dëser Gemeng gehéieren.

Geschicht an aner Informatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 648: Den Hellege Remakel, Abt vun der Abtei vu Solignac, huet e Klouschter an de Bëscher vun den Ardennen gegrënnt. D'Stad, déi no an no entstanen ass, huet sech spéider mat hirer Nopeschuertschaft Stavelot zu enger Prënzabtei (principauté abbatiale) zesummegeschloss.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fürstentum Stavelot-Malmedy.

  • Vun 1815 bis 1920 huet d'Stad zu Preisen gehéiert.
  • Duerch den Traité vu Versailles ass Malmedy 1919 mat Eupen a Sankt Vith, der Belsch zougesprach ginn.
  • Nom 1. Weltkrich gouf vum Hellege Stull eng Diözees Malmedy fir d'Gebidder geschaf, déi bis ewell zum Bistum Köln gehéiert haten. Sou gouf d'Parkierch vu Malmedy zur Kathedral erhuewen. Déi nei Diözees ënnerstoung dem Bëschof vu Léck. 1925 ass dës nei Diözees allerdéngs ofgeschaf ginn; d'Gebitt dovun ass bei de Bistum Léck geschloe ginn. Zu Malmedy nennen awer vill Leit hir Kierch nach ëmmer "Kathedral".
  • De Memorial vum Massaker vu Baugnez: de 17. Dezember 1944, duerch d'SS, déi 84 amerikanesch Krichsprisonnéier ëmbruecht hunn, sollt ee besichen.
  • Net wäit ewech läit de Circuit vu Francorchamps, wou an der Formel 1 de Grand Prix vun der Belsch ausgedro gëtt.
  • D'Naturreserv Héicht Venn (Hautes Fagnes) ass touristesch interessant.
  • De Karneval vu Malmedy ass ganz bekannt.

Spezialitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

D'Kathedral Sts-Pierre, Paul a Quirin (1777).
Monument fir d'Affer déi zu Malmedy am Krich (1940-1945) ëmkomm sinn, am fréiere Klouschter (XVIIIe Jh.).
Buer op der Plaz Albert 1er.
 

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Malmedy – Biller, Videoen oder Audiodateien