Sankt Väit

Vu Wikipedia
Saint-Vith / Sankt Vith
lb: Sankt Väit
Vu op d'Stad
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Däitsch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Awunner 9.682 (1. Januar 2018)
Fläch 14.693
Koordinaten 50° 16’ 0’’ N
      06° 07’ 0’’ O
Telefonszon 080
Postcode 4780
Websäit http://www.st.vith.be

Sankt Väit (de:Sankt Vith, fr.: Saint-Vith, wa.: Sint-Vi) ass eng Stad an der Belsch, am Oste vun der Provënz Léck. Si läit am Süde vun der Däitschsprocheger Communautéit, zu där se gehéiert. Mëtt 2005 hat d'Groussgemeng Sankt Väit 9.144 Awunner, déi sech op eng Fläch vun 146,93 km² verdeelen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Vum 12. Joerhonnert un hat d'Stad duerch säi Maart eng grouss Bedeitung fir d'ganz Géigend.

Bis zur Franséischer Revolutioun huet Sankt Väit zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert.

Vu 1795 bis zum Wiener Kongress am Joer 1815 war d'Uertschaft am franséischen Département de l'Ourthe.

1815 huet de Wiener Kongress d'Stad, souwéi och, ë. a., Schleiden, Manderscheid, Béibreg, Neierbuerg an Nëttel, dem Kinnekräich Preisen iwwerlooss, dat sech staark no Westen ausgebreet hat; vun 1871 un, wéi Däitschland ënner preisescher Leedung vereenegt gi war, war se dann am Däitsche Keeserräich.

Nom Éischte Weltkrich gouf Sankt Väit beim Versailler Vertrag un d'Belsch geschloen an an d'Provënz Léck integréiert.

1940 huet den Adolf Hitler Sankt Väit mam Rescht vun de belschen Ostkantonen un Nazidäitschland zeréckannektéiert. Am Kontext vun der däitscher Géigenoffensiv vum Generalfeldmarschall von Rundstedt gouf d'Stad mat hiren Eisebunnsinfrastrukture praktesch komplett zerstéiert.

1945 ass d'Stad, wéi de Rescht vun den Ostkantonen, nees bei d'Belsch komm a gehéiert haut zur däitschsproocheger Communautéit

D'Stad a Gemeng Sankt Väit sou wéi se haut besteet ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 entstanen, wéi déi fréier Gemenge Crombach, Lommersweiler, Recht a Schönberg mat Sankt Väit fusionéiert hunn. Bei der selwechter Geleeënheet krut Sankt Väit d'Recht den Titel Stad ze droen.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Bis zum Zweete Weltkrich gouf et zu Sankt Väit e groussen Atelier vun der däitscher a spéider, vun 1920 un, wéi d'Stad der Belsch zougesprach ginn ass, vun der belscher Eisebunn op der Vennbunn.

Den Handel, den Tourismus an d'Holz- a Miwwelindustrie si wichteg Wirtschaftsbranchen.

Perséinlechkeete vu Sankt-Väit[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sankt Väit – Biller, Videoen oder Audiodateien