Belsch Gemengefusiounen 1977

Vu Wikipedia

D'Gemengefusiounen an der Belsch vum 1. Januar 1977 gouf duerch e Gesetz vum 17. September 1975, ratifizéiert mam Gesetz vum 30. Dezember 1975, festgeluecht.

Duerch dat Gesetz gouf d'Zuel vun de Belsche Gemenge staark reduzéiert, an zwar vun 2.359 op 589 Stéck. Definitiv gouf déi Zuel awer eréischt den 1. Januar 1983 erreecht, wéi déi Antwerpener Gemenge fusionéiert hunn.

Virdru gouf et schonn zweemol Fusiounen an zwar 1964 an 1976 déi d'Gemengenzuel ëm 304 Stéck reduzéiert haten.

Vun de 589 Gemengen déi bliwwe sinn, sinn der 308 a Flandern, 253 am franséischsproochegen Deel vu Wallounien, 19 an der zweesproocheger Haaptstadregioun Bréissel, an 9 am däitschsproochegen Deel vun den Ostkantonen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hervé Hasquin (Konzeptioun & wëssenschaftlech Betreiung), mam René Van Uytven a mam Jean-Marie Duvosquel, Communes de Belgique - Gemeenten van België: Dictionnaire d'histoire et de géographie administrative - Geschiedkundig en administratief geographisch woordenboek; 2 Bänn, souwuel op Franséisch wéi och op Flämesch: A] 1) Wallonie (A - Lie) & 2) Wallonie (Lig - Z) et Bruxelles, a B] 1) Vlaanderen (Ufank) & 2) Vlaanderen (Schluss) en Brussel; Bréissel (Crédit communal de Belgique/Gemeentekrediet van België & La Renaissance du Livre), 1980.