Flandern

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dës Säit beschäftegt sech mat der geographescher Géigend Flandern. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Flandern (Homonymie).

D'Flandern sinn eng flaach Géigend am Nord-Weste vun Europa an der Belsch an a Frankräich déi sech vun den Héichte vum Artois laanscht d'Nordséi bis op d'Schelde zitt.

Geographesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Flandern leien op enger Längt vu ronn 100 km laanscht d'Nordséiküst an erstrecke sech no bannen an d'Land op enger Breet vun tëscht 50 a 70 km.

Déi sougenannt Maritim Flandern sinn eng 15 km breet Sträif laanscht d'Küst, déi flaach wéi en Dill ass, an déi dem Mier zum gréissten Deel duerch Verpolderung ofgewonne gouf. Den Drainage vun deene flaache Gebidder gëtt vun de Waterringe assuréiert. De Buedem ass leemeg, a ganz fruchtbar. Laanscht d'Küst, wou vill Dünen ze fanne sinn, leien eng Parti Häfen vun deenen aus Persounentransport, Fëscherei, an Handel bedriwwe gëtt. Déi wichtegst dovu sinn a Frankräich Calais, Gravelines, an Dunkerque, an an der Belsch Zeebrugge an Ostende.

Déi Bannenzeg Flandern si méi hiwweleg an e groussen Deel ass mat Bëscher bewuess. Et gëtt e puer Sandkoppen, déi sougenannt Monts de Flandre, déi bis 150 m héich kënne sinn. De Buedem ass sandeg an e gëtt vun der Landwirtschaft intensiv exploitéiert, haaptsächlech mat Rannerzuucht, an den Ubau vu Kären. En etlech Stied sinn zanter dem Mëttelalter Héichbuerge vun der Textilindustrie. Am Ufank gouf Woll verschafft, duerno Léngen an zum Schluss Kotteng. Déi wichtegst Stied sinn a Frankräich Lille, Roubaix, an Tourcoing, an an der Belsch Courtrai, Tournai a Gent.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]