Roubaix

Vu Wikipedia
Roubaix
Stadhaus vu Roubaix

Stadhaus vu Roubaix
Stadhaus vu Roubaix
Land Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Nord
Arrondissement Lille
Kanton Roubaix-1
Roubaix-2
Postcode 59100
Gemengecode 59512
Koordinaten 50° 41’ 24’’ N
      03° 10’ 54’’ O
Fläch  1 323 ha
Bevëlkerung  95 866 (2013)
André Diligent Konscht- an Industriemusée – La Piscine

André Diligent Konscht- an Industriemusée – La Piscine
André Diligent Konscht- an Industriemusée – La Piscine

Roubaix[note 1] ass eng al Industriestad am Norde vu Frankräich, no bei der belscher Grenz. Dës Stad ass och eng Gemeng am Departement Nord an der Regioun Hauts-de-France, a de Chef-lieu vun zwéi Kantonen. Mat ronn 96.000 Awunner ass Roubaix déi drëttgréisst Stad vun der Regioun no Lille an Amiens. Zesumme mat den Nopeschstied Lille, Tourcoing, Villeneuve-d'Ascq an 86 anere Gemenge bilt Roubaix d'Metropolregioun vu Lille,[note 2] déi ongeféier 1,2 Milliounen Awunner huet.[1]

An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert ass, wéinst der industrieller Revolutioun, d'Stad rasant gewuess, soudatt Roubaix 1896 124.661 Awunner hat. Se war den Zentrum vun der franséischer Textilindustrie a gouf „franséisch Manchester” genannt. An de fréien 1970er Joren huet den Zesummebroch vun der franséischer Textilindustrie, bedéngt duerch méi bëlleg auslännesch Konkurrenz an d'Opkomme vun de syntheetesche Faseren, zu grousser Aarbechtslosegkeet zu Roubaix an der ganzer Regioun gefouert.

D'Stad ass haut bekannt als Arrivée vun der Vëloscourse Classique Paris - Roubaix. Et gëtt do och Héichschoulen, Universitéiten, Institutiounen a wichteg Kulturariichtungen, wéi d'Nationalarchive vun der Aarbechtswelt, de Konscht- an Industriemusée an den Textilmusée.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Roubaix läit am Nordoste vun der Metropolregioun vu Lille mat ronderëm den Nopeschgemengen Tourcoing, Wattrelos, Leers, Lys-lez-Lannoy, Hem a Croix. D'Stad läit op enger Héicht vun am Duerchschnëtt 35 Meter, mat engem Minimum vu 17 Meter an engem Maximum vun 52 Meter.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

D'Awunner vu Roubaix ginn op Franséisch Roubaisiens an op Däitsch Roubaiser oder Roubaixer genannt, heiansdo och Roubégnos op Picardesch.

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Roubaix huet aacht Partnerstied:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roubaix – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr) La fusion, effective au 1er janvier 2017, acte un élargissement historique du territoire de la Métropole Européenne de Lille, passant de 85 à 90 communes pour près d'1.2 million d'habitants.

Notten[Quelltext änneren]

  1. hollännesch: Robaais
  2. franséisch: Métropole européenne de Lille