Franséisch Kantonen

Vu Wikipedia

A Frankräich ass e Kanton (franséisch: canton) eng Ënnerglidderung vun engem Departement ënner dem Arrondissement.

A ländleche Gebidder besteet e Kanton aus ville Gemengen (franséisch: communes), wärend déi grouss Stied selwer a Kantonen agedeelt sinn. Am Total gëtt et a Frankräich 2074 Kantonen (Stand: 2015).

Walgebitt[änneren | Quelltext änneren]

Déi wichtegst Funktioun vun de Kantonen ass haut déijéineg als Walgebitt oder Bezierk fir d'Wal vu Generalréit vun den Departementer. Am Kader vun de Kantonalwalen ginn an all Kanton zwéi Generalréit (franséisch: conseiller général), e Mann an eng Fra gewielt. D'Generolréit vun alle Kantone vun engem Département bilden zesummen de Generolrot (franséisch: conseil général) – d'„Parlament“ – vum Departement. Opgrond vun hirer Funktioun als Walgebitt kënnen d'Kantonen nei zougeschnidde ginn, fir se un eng verännert Awunnerverdeelung unzepassen. Mam Gesetz vum 17. Mee 2013 gouf et eng Kantonsreform an hir Zuel gouf op d'Hallschent reduzéiert.

Verwaltungseenheet[änneren | Quelltext änneren]

Donieft ass de Kanton eng territorial Ënnerdeelung vun der Staatsverwaltung am Kader vun der Dekonzentratioun vun Zentralverwaltungen, souwéi dacks och eng territorial Ënnerdeelung vun der dezentraliséierter Verwaltung vu Gebittskierperschaften am Departement. Eegeverwaltungseenheete wéi d'franséisch Regiounen, d'Departementer an d'Gemengen, sinn d'Kantonen awer net.

D'Haaptuertschaft vun engem Kanton ass meeschtens och Sëtz vun ënneschte Staats- oder Departementsämter. An all ländlechem Kanton ass op d'mannst eng Gendarmeriesbrigad stationéiert.