Franséisch Regioun

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Franséisch Regiounen)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Déi 18 Regiouen no der Territorialreform vun 2016

Eng franséisch Regioun ass zugläich eng administrativ Opdeelung vum franséische Staatsgebitt, eng dezentral Gebittskierperschaft mat enger eegener juristescher Perséinlechkeet, e Walbezierk an en administrative Bezierk vun den dezentrale Staatsservicer.

D'Regioune goufen 1956 geschaf; 2015 goufen et der 27. Duerch d'Territorialreform sinn et der zanter dem 1. Januar 2016 nëmmen nach 18: 12 Regiounen an Europa wou och nach Korsika derbäikënnt (gëtt net als Regioun bezeechent, mä huet awer déi selwecht Kompetenzen) a 5 Iwwerséiregiounen. Zu dësen zielt och den Departement Mayotte deen déi selwecht Kompetenze wéi eng Regioun huet, grad ewéi d'Guyane an d'Martinique déi allebéid eng eenzeg Gebittskierpeschaft (Regioun an Departement) hunn. Déi 5 Iwwerséigebidder gehéieren zur Europäescher Unioun, och wa se baussent Europa leien.

D'Regioune ginn engersäits vum Conseil régional (enger assemblée délibérante) an anersäits vum Conseil économique, social et environnemental régional (enger assemblée consultative) geréiert. Déi lescht genannte setzt sech zesummen aus de « forces vives » vun der Regioun an huet als Missioun fir hiren Avis zu verschiddenen Theemen ofzeginn, déi an d'Kompetenz vun der Regioun falen, ier dës dann un de Conseil régional virugeleet ginn. De President vum Conseil régional ass iwwerdeems d'Exekutivorgan vun der Regioun.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de franséische Regiounen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Franséisch Regioun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]