Franséisch Iwwerséigebidder
![]() |
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi franséisch Iwwerséigebidder sinn déi Territoire bausse vun Europa, déi vu Frankräich an der enger oder anerer Form regéiert oder verwalt ginn; am Wiesentlechen handelt et sech ëm fréier franséisch Kolonien. Am Ganze liewen do ongeféier 2,5 Millioune Mënschen. Nëmmen déi frannséisch Süd- an Antarktikterritoiren a Franséisch-Polynesien hunn offiziell eege Fändelen, deen anere Gebidder hir Fändelen hu keen offiziellen Charakter.
Op Franséisch ginn d'Iwwerséigebidder formell als la France d'outre-mer bezeechent. Bis zur Verfassungsreform vum 23. Mäerz 2003 war déi offiziell Bezeechnung les DOM-TOM (Département d'outre-mer - Territoire d'outre-mer), eng Kennzeechnung, déi haut an der Ëmgangssprooch nach gebraucht gëtt. Déi franséisch Iwwerséigebidder ginn a follgend Kategorien agedeelt:
Départements a régions d'outre-mer (DOM-ROM)[änneren | Quelltext änneren]
D'Départements a Régions d'outre-mer hunn de selwechte Status wéi d'Regiounen an d'Departementer vum franséische Festland. D'Bierger si Fransousen, hunn d'Stëmmrecht bei der Presidentschaftswal a vollen Usproch op d'Leeschtunge vum Staat. Déi offiziell Wärung ass den Euro. Dat ass am Artikel 73 vun der Constitutioun vun der Fënnefter franséischer Republik festgeluecht.
Bei den DOM-ROM handelt es sich ëm:
Collectivité d'outre-mer (COM)[änneren | Quelltext änneren]
D'Collectivités d'outre-mer hunn ënnereneen deelweis e staark differenzéierte Charakter. Generell si se awer autonom. Déi franséisch Gesetzer gëllen do net automatesch, mä eréischt no enger ausdrécklecher Decisioun. Trotzdeem si se virun allem aussen- a verdeedegungspolitesch ofhängeg vu Frankräich. D'Wärung vu Franséisch-Polynesien an och Wallis a Futuna ass de CFP-Franc, déi vun den anere COM den Euro.
Bei de COM handelt et sech ëm:
Franséisch-Polynesien
Saint-Pierre a Miquelon
Wallis a Futuna
Saint-Martin (nëmmen de franséischen Deel vun der Insel).
Saint Barthélemy
Neikaledonien[änneren | Quelltext änneren]
Neikaledonien (de: Neukaledonien, fr: Nouvelle-Calédonie) huet eng Sonnerreegelung opgrond vun den Artikele 76 a 77 vun der Constitutioun an ass eng Collectivité sui generis mat dem CFP-Franc als Wärung.
Terres australes et antarctiques françaises (TAAF)[änneren | Quelltext änneren]
Déi franséisch Süd- an Antarktisgebidder hunn eng eege Verwaltung zu Saint-Pierre, op der Réunion. Rechtlich gesi sinn d'TAAF en Iwwerséigebitt mat besonneschem Status. Den Territoire begräift d'Inselen Amsterdam a Saint-Paul, d'Crozetinselen, d'Kerguelen, an um antarktesche Kontinent, d'Adelieland.Déi meescht vun den Insele sinn net bewunnt. D'TAAF gehéieren net zur EU, den Euro ass awer déi offiziell Wärung.[1]
Clipperton-Insel[änneren | Quelltext änneren]
D'Clipperton Insel ass a franséische Staatseegentum. D'Insel ass net bewunnt.