Departement Guadeloupe

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Guadeloupe)
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Guadeloupe (971)

Fändel vu Frankräich

Wopen

Basisdaten
Offiziell Sprooch Franséisch
Haaptuert Basse-Terre
Fläch 1.628 km²[1]
Awunnerzuel| Bevëlkerungsdicht 249 Awunner pro km²[1]
Arrondissementer 2[1]
Kantonen 40[1]
Gemengen 32[1]
Prefekt Jean-Jacques Brot
President vum Regionalrot Josette Borel-Lincertin
President vum Generalrot Jacques Gillot
Wärung Euro (€) 1 Euro = 100 Cent
Zäitzon UTC-4
Internet-TLD . gp
Telefonsprefix +590
Kaart
Positioun an der Karibik
Positioun an der Karibik

Guadeloupe [gwaˈdlup] ass en Iwwerséidepartement an eng Regioun vu Frankräich. D'Guadeloupe, besteet aus enger Grupp vun néng Inselen an de klengen Antillen (Karibik).

Guadeloupe ass e vollintegréierten Deel vum franséische Staat a gehéiert domat zur Europäeschen Unioun. Zesumme mat der Martinique bilden déi zwou Inselgruppen déi Franséisch Antillen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Insel Guadeloupe

D'Guadeloupe besteet aus aacht bewunnten a weider klengen onbewunnten Inselen.

Déi zwou Haaptinsele si Basse-Terre a Grande-Terre, déi nëmmen duerch e schmuele Mieresaarm vunenee getrennt sinn. Onmëttelbar dobäi leien och déi bewunnten Insele Marie-Galante a La Désirade, déi zwou kleng onbewunnten Îles de la Petite Terre wéi och déi kleng Inselgrupp vun den Îles des Saintes, déi zwou bewunnten a siwen onbewunnten Insele begräift.

Bis 2007 hunn d'Insel Saint-Barthélemy an de franséischen Deel vun der Insel Saint-Martin politesch zu Guadeloupe gehéiert. Si leien ongeféier 200 km nërdlech vun den Haaptinselen. Am Februar 2007 goufen déi zwou Insele vu Guadeloupe ofgetrennt an zu zwou eegenen iwwerséische Gebittskierperschaften (collectivité d'outre-mer) opgewäert.

Basse-Terre huet eng vulkanesch Originn mat Bierger bannen am Land, Grande-Terre ass relativ flaach a besteet haaptsächlech aus Kalleksteen. Déi meescht vun den aneren Inselen hunn eng vulkanesch Originn. Den héchste Punkt ass d'Soufrière mat 1.467 m iwwer NN, déi en aktiven Vulkan ass.

D'Klima ass gekennzeechent duerch seng subtropesch Temperaturen, duerch säi Passatwand a seng moderat Fiichtegkeet. Vu Juni bis Oktober besteet Hurrikan-Gefor.

D'Landfläch bestet zu 14 % aus Ubauflächen, zu 4 % aus Dauerkulturen, zu 14 % aus Weedland an zu 39 % aus Bëscher.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

D'Guadeloupe hat am Juli 2005 448.713 Awunner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guadeloupe – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Zuelen ouni déi 2007 aus dem Iwwerséidepartement rausgehollen Inselen Saint-Barthélemy a Saint-Martin.