Bevëlkerungsdicht

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Bevëlkerungsdicht ass d'Moyenne vun der Awunnerzuel pro km² vun engem bestëmmte Gebitt ( Land, Stad, Regioun asw.).

Länner[änneren | Quelltext änneren]

Dat Land mat der

  • héchster Bevëlkerungsdicht: Monaco 18.078 Awunner/km²,
  • niddregster Bevëlkerungsdicht: Mongolei 1,78 Awunner/km².

Vir ze vergläichen: Groussherzogtum Lëtzebuerg: 184,14 Awunner/km² (STATEC 2007).

Grönland huet mat 0,025 Awunner/km² nach méi eng niddreg Bevëlkerungsdicht wéi d'Mongolei, ass awer keen eegestännege Staat mä en autonomen Deel vun Dänemark. Dee Kontinent mat der niddregster Bevëlkerungsdicht ass d'Antarktis mit 0,0001 — 0,0003 Awunner/km².

Stied[änneren | Quelltext änneren]

Déi héchst Bevëlkerungsdicht fënnt een an de Stied an an eenzelne Staddeeler. Zum Beispill huet Macau (haut Volleksrepublik China) schonn eng Dicht vun 16.521 Awunner/km². Den Distrikt Freguesia de Santo Antonio, en Deel vu Macao, kënnt eleng op eng Dicht vu bal 100.000 Awunner pro Quadratkilometer.

Déi wahrscheinlech héchst Bevëlkerungsdicht vun der Welt hat d'Walled City, e Staddeel vun Hong Kong, dee 1993 ofgerappt gouf. Do hu 50.000 Awunner op enger Fläch vu nëmmen 0,026 km² gewunnt, wat eng Bevëlkerungsdicht vun 1.900.000 Awunner/km² entsprécht.

Kuckt och:[änneren | Quelltext änneren]