Macau

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
中華人民共和國澳門特別行政區
Região Administrativa Especial de
Macau da República Popular da China
Fändel vu Macau Wope vu Macau
(Fändel) (Wopen)
National Devise: keng
Wou läit Macau
Offiziell Sprooch Portugisesch a Chinesesch
Chief Executive Edmund Ho Hau-wah
Fläch
- Total
- % Waasser
Net opgelëscht
27,3 km²
0 %
Bevëlkerung
- Total (2004)
- Dicht
Net opgelëscht
451.000
16.521/km²
Grënnungsdatum Vu Portugal un d'Volleksrepublik China


20. Dezember 1999

Währung Pataca (MOP)
Zäitzone UTC+8 (AWST)
Internet TLD .mo
Internationalen Telefonsprefix +853

Macau ass eng fréier portugisesch Kolonie op der Südküst vu China, déi den 20. Dezember 1999 nees ënner d'chinesesch Souveränitéit koum. Haut ass den Territoire eng Sonderverwaltungszon vun der Volleksrepublik China mat engem héije Grad un Autonomie.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Macau setzt sech aus enger Hallefinsel an zwou virgelagerten Inselen, Taipa a Coloane, zesummen. D'Haaptstad Santo Nome de Deus de Macau, oder einfach kuerz Macau, läit op der Hallefinsel, déi iwwer eng Grenzpaart direkt mam chinesesche Festland verbonnen ass. De gréissten Deel vun de ronn 450.000 Awunner lieft an der Haaptstad.

Den Territoire hat ursprénglech eng Fläch vun nëmme 16 km², déi awer an deene leschte Joren duerch Landgewënnungsmoossnamen op bal 30 km² konnt vergréissert ginn. Trotzdeem huet Macau eng vun der gréisster Populatiounsdicht weltwäit.

D'Haaptstad ass mat der Insel Taipa, déi südlech läit, iwwer zwou Brécke verbonnen. Taipa, wou den internationale Fluchhafen an d'Universitéit vu Macau leien, ass mat der méi grousser Insel Coloane iwwer eng weider Bréck verbonnen.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

China ass nëmme fir d'Verdeedegung an d'Aussepolitik zoustänneg, an huet dem Territorium, deen eng eege Regierung a Gesetzgebung huet, garantéiert, sech déi nächst 50 Joer net a seng sozial an economesch Struktur anzemëschen. De chinesesche kommunistesche System wäert also zu Macau, mol wéinstens bis 2049, net praktizéiert ginn. Eng ähnlech "E Land, zwee Systemer" Regelung gëllt och fir déi fréier britesch Kolonie Hongkong, déi nëmmen eng 70 km vu Macau ewech läit, an déi ëmmer en immens wichtege Partner fir den ale portugiseschen Iwwerséiterritoire war.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Eng 95 Prozent vun den Awunner sinn haut ethnesch Chinesen. De Rescht setzt sech aus Portugisen an hiren Nokommen zesummen, si bilden am Macau vun haut eng kleng awer aflossräich Minoritéit. Donieft kommen all Dag Dausende vun Hongkong-Chinesen op Macau fir hiert Gléck am Casino ze versichen oder fir einfach mol een Dag der Mega-City z'entkommen.

Sprooch[änneren | Quelltext änneren]

Déi chinesch an déi portugisesch Sprooch sinn zu Macau gläichberechtegt offiziell Sproochen. Si gi vun der Regierung an allen offiziellen Dokumenter benotzt an d'Staatsbeamte musse se beherrschen. Dat Portugisescht ass en Iwwerrescht vun der joerhonnertelaanger portugisescher Presenz zu Macau; allerdéngs gëtt et hautdesdaags nëmmen nach vun enger klenger Elite geschwat. Dofir hält d'Regierung et fir wichteg, datt d'Portugisescht nees konsequent an de Schoule geléiert gëtt, fir datt d'Identitéit vun den Awunner vu Macau, net verluer geet.

Nieft deenen zwou offizielle Sproochen iwwerhëlt och d'Englescht ëmmer méi eng wichteg Positioun, virun allem an de Beräicher Commerce an Tourismus, mä och als Kommunikatiounssprooch tëscht Portugisen a Chinesen.

All d'Schëlter an d'Stroossennimm zu Macau sinn zweesproocheg

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Eng 15 Prozent vun der Populatioun gehéieren dem kathoulesche Glawen un, wat natierlech mat der kolonialer Vergaangenheet zesummenhänkt. Macau war vun Unfank un eng Missionärsstatioun a stoung am Mëttelpunkt vun der Christianisatioun an Asien. Donieft gëtt et nach e gewëssene Prozentsaz vu Buddhisten, mä déi grouss Majoritéit vun de Mënschen (bäigewandert Festlandchinesen) ass atheistesch, wat an der kommunistescher Volleksrepublik wäit verbreet ass.

D'kathoulesch Kierch huet allerdéngs nach ëmmer e groussen Afloss zu Macau; si leescht vill karitativ Hëllef a gëtt dora vun der Regierung ënnerstëtzt. Bis op den haitegen Dag ass den Territoire och de Sëtz vun engem Bëschof. Wichteg kathoulesch Fester wéi Chrëschtdag oder Ouschtere ginn ëmmer mat grousser Begeeschterung gefeiert. De reliéisen Hannergrond vu Macau ass och un deene ville klassizistesche Kierchen a Kapellen an der Stad z'erkennen. Net ëmsoss heescht d'Stad mam offiziellen Numm "Cidade do Santo Nome de Deus de Macau"; portugisesch fir "Stad vum hellegen Numm Gottes Macau".

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Macau ass kulturell absolut eenzegaarteg well et déi eenzeg Plaz op der Welt ass, wou déi portugisesch an déi chinesesch Kultur sech géigesäiteg beräichert a beaflosst hunn. 442 Joer portugisesch Presenz hu vill Spuren hannerlooss: net nëmmen an der Architektur, virun allem och am soziokulturelle Kontext. Wann een duerch d'Alstad vu Macau trëppelt mat senge ville Gebaier am Kolonialstil, vergësst ee séier dat een a China ass, an et fillt ee sech éischter wéi wann een zu Lissabon oder Porto wier. D'Portugisesch Hären hunn hiren Iwwerséiterritoire ganz nom Virbild vun der aler Heemecht opgebaut: eng portugisesch Stad matzen an Asien, mat allem wat dozougehéiert. An dat gesäit een nach haut. Dofir sinn déi historesch Quartiere vu Macau am Joer 2005 an d'UNESCOslëscht opgeholl ginn. Nieft de Quartieren am portugisesche Stil gëtt et och chinesescher, déi deelweis scho virdrun do waren, oder awer vun Immigranten aus Festlandchina opgeriicht goufen.

Och d'Kiche vu Macau ass weltwäit eenzegarteg an e Resultat vun der kolonialer Vergaangenheet. Si verbënnt portugisesch a chinesesch Elementer: d'Portugisen haten hir Kachkënschten an heemesch Zutate mat op Macau bruecht a se hei mat der lokaler chinesescher Kichen kombinéiert. Awer si haten net nëmme portugisescht Iessen matbruecht mä och Saachen aus de villen deemolege Kolonien an Afrika an an Indien. Déi speziell macanesesch Kichen ass deemno eng Kombinatioun aus portugiseschen, afrikaneschen, indeschen a chinesche Spezialitéiten: eng Mëschung déi anescht nimools zu Stane komm wier. En typesche macanesesche Plat ass zum Beispill "Minchi" oder afrikanesche Poulet. Natierlech gëtt et och "reng" portugisesch Platen, wéi z. B. dee guttbekannte "Bacalhau" deen iwwerall zu Macau gären zerwéiert gëtt.

Eng weider Besonneschheet ass natierlech d'Bevëlkerung vu Macau: d'Macanesen. Si gëllen als déi agebuer vu Macau a si quasi e "Mëschvollek" mat portugiseschen a chineseschen Originnen. Anescht wéi z. B. zu Hongkong war et de portugisesche Siidler zu Macau erlaabt, lokal chinesesch Fraen ze bestueden. Op déi Manéier huet sech iwwer d'Joerhonnerte lues a lues eng macanesesch Bevëlkerung entwéckelt. Haut sinn d'Macanesen allerdéngs just eng kleng Minoritéit; eng 10.000 liewen der haut nach an der Stad a si hunn et ëmmer méi schwéier, sech géint déi chinesesch Majoritéit ze behaapten an hir Kultur ze schützen. D'Macanese fille sech am Allgemengen an deenen zwéi Kulturkreesser, dem portugiseschen an dem chineseschen, gläichermoossen doheem. Och beherrschen se an der Regel déi portugisesch an déi chinesesch Sprooch, wat zu Macau bal kee konnt: d'Portugisen aus der Administratioun hunn ni chinesesch geléiert, an déi bäigewandert Festlandchinesen konnte kee Portugisesch schwätzen. Dofir hunn d'Macanesen ëmmer eng wichteg Roll an der Verwaltung gespillt, quasi eng Vermëttlerroll tëscht der portugiseschsproocheger Administratioun an der chineseschsproocheger Bevëlkerungsmajoritéit. (D'Portugise waren iwweregens vun Ufank un ëmmer an der Minoritéit zu Macau gewiescht.)

Vill Macanese waren dogéint datt Portugal si u China zréckginn huet. Déi meescht fille sech awer éischter als Europäer wéi als Chinesen (obwuel vill vun hinnen Europa, respektiv Portugal, nach ni gesinn hunn) a ginn elo ënner der neier chinesescher Administratioun net méi sou gutt eens wéi virdrun.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Infrastruktur zu Macau war schonn ënner der portugisescher Administratioun immens gutt ausgebaut. All eenzel Strooss ass asphaltéiert, de Verkéier leeft gutt, obwuel d'Stroossen dacks ganz enk sinn. Mëttlerweil gëtt et nach eng drëtt Bréck tëscht der Haaptstad an der Insel Taipa (d'SAI VAN Bréck), an zanter kuerzem och eng weider Grenz mam chinesesche Festland. Den internationale Fluchhafe gouf schonn 1995 inauguréiert an huet am Joer 2005 e Verkéiersrekord erreecht.

Fir 2007 ass en neien ëffentleche Transportsystem geplangt, nämlech eng Zort vun Tram, deen déi 40 (!) Buslinnen entlaaschte soll. Laangfristeg ass eng Autobunn duerch de ganze Perlflossdelta virgesinn, déi Hongkong, Macau a Kanton verbanne wäert. Bis haut ass déi eenzeg anstänneg Méiglechkeet fir vu Macau op Hongkong ze kommen déi (traditionell) Schnellbooter (den Dag iwwer am Véierelstonnentakt) oder awer den Helicopter (fir déi déi et sech leeschte kënnen).

Macau gehéiert zu deene Stied mat de meeschte Telefonsuschlëss (telefonéieren ass bannent dem Territoire gratis) an och den Internet gëtt vun der Bevëlkerung iwwerduerchschnëttlech vill benotzt.

D'Gesondheetswiesen ass gutt entwéckelt an op europäeschem Standard; et gëtt vill gutt ausgebilt Dokteren, verschidde Spideeler a sougenannt Gesondheetszenteren (Centro de Saúde). Ausserdeem sinn eng sëllech Spezialkliniken zu Hongkong séier z'erreechen.

All Joer ginn nei Landstécker aus dem Mier gewonnen, fir Plaz ze schafe fir nei Gebaier an nach méi Infrastrukturprojeten ze realiséieren well de 27 km² klengen Territoire platzt elo schonn aus allen Néit mat senge villen Awunner an Touristen déi all Dag kommen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Flag of the People's Republic of China.svg D'administrativ Andeelunge vun der Volleksrepublik China Flag of the People's Republic of China.svg


Provënzen: Anhui  - Fujian  - Gansu  - Guangdong  - Guizhou  - Hainan  - Hebei  - Heilongjiang  - Henan  - Hubei  - Hunan  - Jiangsu  - Jiangxi  - Jilin  - Liaoning  - Qinghai  - Shaanxi  - Shandong  - Shanxi  - Sichuan  - Yunnan  - Zhejiang
Autonom Regiounen: Guangxi  - Bannescht Mongolei  - Ningxia  - Xinjiang  - Tibet
Regierungsonmëttelbar Stied: Peking  - Chongqing  - Shanghai  - Tianjin
Speziell administrativ Zonen: Hongkong  - Macau


Commons: Macau – Biller, Videoen oder Audiodateien