Buddhismus

Vu Wikipedia

De Buddhismus ass eng Léiertraditioun a Relioun an huet jee no Quellen 230-500 Milliounen Unhänger, an ass domat nom Chrëschtentum, dem Islam an dem Hinduismus, déi véiertgréisste Relioun op der Welt.

Iwwerbléck[änneren | Quelltext änneren]

De Buddhismus ass virun allem a Süd-, Südost- an Ostasie verbreet. Ongeféier e Véirel vun de Buddhiste lieft a China. D'Buddhiste beruffe sech op d'Léiere vum Siddhartha Gautama, deen an Nordindien gelieft huet. Hie gëtt als "historesche Buddha" bezeechent, fir datt e vun de mythesche Buddha-Gestalte kann ënnerscheet ginn, déi net historesch beluecht sinn.

"Buddha" ass en Éierentitel, dee sech op en Erliefnes bezitt dat als Bodhi bezeechent gëtt. Domat ass gemengt datt no der buddhistescher Léier eng fundamental a befräient Asiicht an d'Grondbedingunge vun allem Liewen, déi sech aus dem Iwwerwanne vum leedvollen Dosinn ergëtt. D'Zil vun der buddhistescher Liewenspraxis ass et, déi Erliichtung an Erkenntnes z'erfueren, nom Virbild vum historesche Buddha. Si soll net an engem vun deenen zwéin Extremer, der Askees oder dem Hedonismus gelieft ginn, mä et soll villméi e Mëttelwee fonnt ginn. D'Prinzipie vum Nobelen aachtdeelege Pad sollen hëllefen, dee Mëttelwee ze fannen.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

De Buddhismus ass am Subkontinent Indien duerch de Siddhartha Gautama entstanen. Den Iwwerliwwerungen no huet hien am Alter vu 35 Joer duerch en Erliefnes vum "Erwächen" eng Rëtsch vun Erliefnesser gehat, déi et him erméiglecht hunn déi buddhistesch Léier a véier eedel Wourechten ze formuléieren an e Wee aus dem Leiden erauszefannen. Am Laf vun der Zäit hu sech verschidde spirituell Weeër entwéckelt, Yâna (Gefier op Sanskrit) genannt: Hînayâna, dat klengt Gefier a Mahâyâna, dat grousst Gefier, vun deem dat diamantent Gefier Vajrayâna ausgeet.

Buddhismus zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Buddhismus huet ugefaange sech an den 1990er Joren zu Lëtzebuerg z'entwéckelen. Déi Entwécklung ass duerch d'Grënnung vun Zentren entstanen, déi sech op den tibetanesche Buddhismus Nyingmapa (mat dem Dzogchen) an de Buddhismus Zen konzentréieren. 1997 ass den éischten Zenter zu Lëtzebuerg, den Dzogchen Center Lëtzebuerg, ënner dem Afloss vun 10 buddhistesche Laien entstanen. Do gëtt den tibetanesch-buddhistesche Glawe praktizéiert sou wéi Konferenzen an technesch Stage wéi de Showa-do ofgehalen. De Lama Jigmé Namgyal, Student vum Khenpo Jigme Phuntsok, huet de Centre Culturel Tibétain gegrënnt a léiert an der Nyingmapa Traditioun. Donieft ass och déi buddhistesch Laiebeweegung Sōka Gakkai zu Lëtzebuerg vertrueden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]