Islam

Vu Wikipedia
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Konfessioune vum Islam
Gréng: Sunitten, Rout: Schiitten, Mauve: Ibaditten
Pilger zu Mekka bei der Kaaba
Bannen an enger Moschee
De Mohammed a seng Arméi bei der Schluecht vun Uhud
Harem
Symboler vum Islam: Moundsichel a Stär

Den Islam ass eng Relioun, déi am 7. Joerhonnert zu Mekka entstanen ass. Seng Unhänger beruffe sech op de Mohammed als Prophéit. Ausser dem Prophéit Mohammed erkennen d'Moslemen nach aner Prophéite wéi Jesus, Moses, Abraham an Adam un.

Den Islam huet tëscht 1,1 an 1,5 Milliarden Unhänger. En ass nom Chrëschtentum déi zweetgréisst monotheistesch Weltrelioun an a bal alle Länner vertrueden.

D'Glawens- a Moralléier, d'Ritualen an d'reliéis Uerdnung baséieren um Allah sengen Offenbarungen, déi de Mohammed am Koran hannerluet huet. Fir déi gréisst Grupp vun de Moslemen, d'Sunitten, gëtt de Koran als Reliounsquell duerch d'Iwwerliwwerung (Hadith) an d'Gewunnechtsrecht (Sunna) ergänzt.

D'Sunitte stellen a bal allen islamesche Länner d'Majoritéit vun der Bevëlkerung duer mat Ausnam vum Bahrain, dem Iran, dem Irak, dem Jemen, dem Libanon an dem Oman. Fir d'Sunitte gëllt de Nofollger vum éischte Kalif Abu Bakr als geeschtleche Chef.

Déi zweet grouss Glawensrichtung vum Islam sinn d'Schiitten. Si veréieren den Eedem an Adoptivjong Ali, Mann vum Mohammed senger Duechter Fatima, a seng Jongen Hussein an Hassin als rechtméisseg Nofollger vum Prophéit Mohammed.

Donieft bestinn nach vill regional Sekten.

Ausbreedung vum Islam

An der Spéitantiquitéit si verstäerkt monotheistesch Aflëss (Juddentum a Chrëschtentum) an d'polytheistescht Arabien komm. Déi hunn déi spéider Entwécklung vum Mohammed, bis dohi just Mann vu senger 15 Joer méi aler räicher Cheffin an duebler Händlerswittfra, mat beaflosst. Géint d'Joer 610 soll en Erscheinunge gehat hunn, déi en duerno derzou bruecht hunn ëffentlech a senger Gebuertsstad Mekka ze priedegen. Seng éischt Unhänger waren awer séier den Autoritéite vun der Stad en Dar am A well se un den ale Glawe kraze goungen, an no engem Handelsboykott a gewalttätegen Ausernanersetzunge sinn d'Mohammedaner an Abessinien an dat spéidert Medina geflücht. Vun do aus hu se Karawanne vun de Mekkaner iwwerfall, sech an d'Schluechte vu Badr an Uhud gestierzt, a schlussendlech Mekka am Joer 630 eruewert. Vu Mekka aus huet de Mohammed d'Beduinestämm aus der Ëmgéigend opgefuerdert, dem Islam bäizetrieden. De Mohammed wollt se all an enger Zort grousser Volleksgemeinschaft, der Umma, zesummefaassen. Dem Mohammend seng Krichszich an de Süde vun der arabescher Hallefinsel an an den Norde bis un d'Byzantinescht Räich ware relativ erfollegräich. Wann ee vun den iwwerrannte Stämm a Stied net kollaboréiert huet, da krut e fréier oder spéider fatzeg Nodeeler, gouf versklaavt oder souguer higeriicht, sou datt bal just de Choix blouf sech z'erginn an zum Islam iwwerzetrieden oder auszewanderen. Am Joer 632 ass de Mohammed stënterlech no kuerzer Kränkt zu Medina gestuerwen. En hat zwar 10 Fraen, awer just d'Kanner vu senger Duechter Fatima hunn et bis an den Erwuessenenalter gepackt. No sengem Doud war keen direkt unerkannten Nofollger prett an eng Rei Stämm hu sech nees lassgesot. Dozou koum datt verschiddener vun deene Stämm déi beim Islam blouwen dem Mohammed säi Schwéierpapp Abu Bekr net als Féirer unerkannt hunn, mä gemengt hunn dem Mohammed säi Koseng an Eedem Ali misst Nofollger ginn, wat op laang Weil zur Schia an de Schiitte gefouert huet.

Den Abu Bekr huet awer als éischte Kalif um Féirungsusproch souwuel a reliéiser wéi politescher Hisiicht festgehalen an déi oftrënneg Stämm séier nees ënnerworf. Och den Ali huet missen en Eed op hee leeschten. Vun do u goung et aus reliéisen, ekonomeschen a bannepolitsche Motiver géint Ostroum a Persien, déi an deem Ablack duerch e laange Krich géintenee geschwächt waren an en plus net op en Ugrëff vun den Araber als drëtt Partei virbereet waren. Duerno haten d'Araber ëm d'Joer 700 Erfolleger am Osten, wou se an Zentralasien agefall sinn a bis un d'Grenze vun Indien a China koumen. Am Westen ass et hinne gelongen, Nordafrika an d'Ibeeresch Hallefinsel anzehuelen, mee se goufe 717/18 a 740 vum byzantinesche Keeser Leo III. a Klengasien gestoppt, a 732 vum fränkeschen Hausmeier Karl Martell an der Schluecht vun Tours a Poitiers.

Vum 12. Joerhonnert u waren déi islamesch Kräften duerch d'Kräizzich geschwächt. Dat huet d'Reconquista vun der Ibeerescher Hallefinsel erlaabt, déi 1492 hiren Ofschloss fonnt huet. A Klengasien a Südosteuropa dogéint huet sech dat islamescht Osmanescht Räich virun allem vum 13. bis 15. Joerhonnert breetgemaach, eng weider Expansioun gouf doduerch verhënnert datt Wien sech bei senge Belagerunge 1529 a 1683 net klengkréie gelooss huet. Iwwer den Handel am Indeschen Ozean huet sech den Islam vum Enn vum 12. bis uganks dem 17. Joerhonnert och a Südostasien verbreet.

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert ass den Islam duerch de Sklavenhandel vun de Sultane vun Oman a Sansibar verstäerkt an d'ostafrikanescht Banneland agedrongen.

Am 20. an 21. Joerhonnert si vill Moslemen an dat chrëschtlecht Europa agewandert an hunn do grouss Bevëlkerungsgruppe gebilt, déi et weider mam Islam gehalen hunn, deelweis méi streng wéi dat an hiren Heemechtslänner erlaabt wier. Am Frankräich si virun allem nordafrikanesch Araber a Berber, an der Belsch Marokkaner an Tierken, an Däitschland Tierken an Albaner, an England Pakistaner, an Holland Marokkaner an Tierken an zu Lëtzebuerg Bosnier a Syrer. Dem integrative Konzept vun engem Euro-Islam stinn ëffentlech Debatte wéi d'Ënnerdréckung vun de Fraen, de Kappduch- a Karikaturesträit, déi ëffentlech Suerg ëm d'Entstoe vun enger islamistesch geprägter Parallelgesellschaft, déi verschäerfte Chrëschteverfollgung an islamesche Länner, an islamistesch motivéiert Terrorattacken géinteniwwer.

D'Léier

D'Léier vum Islam ass staark vum jiddeschen a vir-islamesche Glawensgutt beaflosst. Follgend Léiersätz sinn am Fong bei alle Richtungen d'selwecht:

  • Et gëtt nëmmen ee Gott, Allah, Här a Schëpfer vun der Welt.
  • De Mënsch Mohammed ass dem Allah säi Prophéit.
  • De Koran (dat Buch wat dacks gelies soll ginn) ass d'Helleg Schrëft vum Islam, wou dem Allah seng Offenbarungen dra stinn.
  • Den Allah huet Engelen, Däiwelen an Dschinne (Dämonen) geschaf als gutt a béis Geeschter.
  • De Liewenslaf vum Mënsch ass vun Ufank u viraus bestëmmt. Et bleift awer nach Raum fir eegen Entscheedungen.

Déi wichtegst Geboter sinn:

Um Spaweck

Commons: Islam – Biller, Videoen oder Audiodateien