Op den Inhalt sprangen

Jesus vun Nazaret

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jesus)

De Jesus vun Nazaret oder Jesus Christus ass d'Bezeechnung vun engem Personnage aus der Geschicht, deem iwwer seng zäitgeschichtlech Wierklechkeet eraus vum Chrëschtentum eng transzendent Wierklechkeet zougestane gëtt (als Jong vu Gott). Den éischten Aspekt baséiert op historesche Fakten a Recherchen, wougéint den zweete sech op eng iwwernatierlech Revelatioun baséiert an dofir nëmmen am Glawen erfaassbar ass.

Et schéngt dofir sënnvoll béid Aspekter getrennt ze behandelen.

De Jesus vun Nazaret – den historesche Jesus

[änneren | Quelltext änneren]
Jesus vun Nazaret
Jesus-Duerstellung an der Kierch vun der Benediktinerabtei Maria Laach
Gebuer 5 v. Chr. jul.
Betlehem
Gestuerwen 7. Abrëll 30 jul.
Doudesursaach Kräizegung
Educatioun onbekannt,
keng
Aktivitéit Priedeger, Prophéit, Zammermann, Rabbiner, Thaumaturg, Priedeger, Enseignant
Member vun Dräifaltegkeet
Famill
Liewenspartner(in) onbekannt, keng
Papp Jousef vun Nazaret
Mamm Maria
Geschwëster onbekannt, Jakobus
Kanner keng

Iwwer den historesche Personnage Jesus kann een nëmme ganz wéineg Aussoe maachen déi, no eiser haiteger Opfaassung vun historesch gesécherte Fakten, Bestand hunn. Dëst läit haaptsächlech dodrun dat et wéineg Quelle ginn déi net intresséiert sinn, d. h. déi keen Intressi drun hu fir de Jesus méiglechst gutt respektiv méiglechst schlecht duerzestellen. Historesch sécher beluecht ass d'Tatsaach, datt hien tatsächlech gelieft huet, als Priedeger an als Wonnerheeler opgetratt ass a gekräizegt ginn ass. Dëst kann een och opgrond vun netchrëschtleche réimesche Quellen (z. B. Sueton, Plinius d.J.) soen.

De Jesus gouf tëscht 7 a 4 v. Chr. a Galilea, warscheinlech an der Stad Nazaret (also am Norde vum haitegen Israel) gebuer. (Datt seng Gebuert an den Evangelien op Betlehem verluecht gouf, huet eng theologesch Bedeitung: Betlehem war d'Stad vum David; de Jesus sollt als neien David, d. h. als Messias duergestallt ginn). Hien ass 30 oder 33 n. Chr. zu Jerusalem, iergendwou baussent de Stadmauere gestuerwen. Hie war Judd an als solchen Unhänger vun der jiddescher Relioun. Wärend senge leschte Liewensjoren ass hien als Wanderpriedeger opgetratt an huet eng Reliouns- a Glawenspraxis gepriedegt déi d'Gottes- an d'Nächsteléift an de Mëttelpunkt stellt an net e rigoristescht Befollege vu Geboter a Verboter. Programmatesch heifir ass d'Ausso déi him zougeschriwwe gëtt "De Sabbat ass fir de Mënsch gemaach an net de Mënsch fir de Sabbat". Domat huet hie bei verschiddenen Deeler vun der jiddescher Autoritéit ugëeckt. Net z'ënnerschätzen am Zesummenhank mat senger Doudesstrof war och säin Opstand am Jerusalemer Tempel. Den Tempel war d'Symbol vun der jiddescher Autonomie (si hunn do - trotz réimescher Besatzung - maachen duerften, wat si wollten; dofir och eng eege Wärung, cf. Geldwiessler), a grad dat, wat do passéiert ass, huet de Jesus kritiséiert. Grond genuch fir verschidde Judde vun där Zäit, déi réimesch Autoritéiten dovun z'iwwerzeegen, hie géif Onrou an d'Vollek bréngen, sech als Kinnek ausginn, fir datt e gekräizegt géif.

Jesus de Christus – de Jesus vum Glawen

[änneren | Quelltext änneren]

Historesch beluecht ass d'Tatsaach, datt kuerz Zäit nom Jesus sengem Doud e radikale Changement am Verhale vu sengen Unhänger festzestellen ass: Si versammele sech nees, erziele vum Jesus a versichen, anerer dozou ze bekéieren. Si beriichte vun "Erscheinungen". Dës Erscheinungen hunn de Jünger d'Gewëssheet ginn, datt de Jesus lieft. Vun dunn un ass hien als Christus (d. h., der Etymologie do, de Gesaleften) veréiert ginn, woubäi d'Tatsaach vun den Erscheinungen, d. h. d'Tatsaach, datt de Jesus vun den Doudegen operstanen ass, net duergeet als Begrënnung fir déi noéisterlech Christologie. Villméi war scho viru sengem Doud en dementspriechenden Hoheitsanspruch present.

Commons: Jesus vun Nazaret – Biller, Videoen oder Audiodateien