Op den Inhalt sprangen

Jerusalem

Vu Wikipedia
Jerusalem
Land Osmanescht Räich
Vewaltungseenheet Judäa
Awunner 936.425
  2019
Fläch 125,42 km²
Héicht 754 m
Koordinaten 31°46'44"N, 35°13'32"O
Telefonszon 2
Postcode 91000–91999
Websäit https://www.jerusalem.muni.il/

Jerusalem (Hebräesch: Jeruschalajim, ירושלים, Arabesch: al-Quds (asch-Scharif), القدس;), läit an der Regioun Palestina an ass d'Haaptstad (net unerkannt) vum Staat Israel a Palestina[1]. Jerusalem huet 704.900 Awunner (Stand: 1. Januar 2005). Zu Jerusalem hunn de Staatspresident an d'Parlament, Knesset, an dat iewescht Geriicht hire Sëtz. Zu Jerusalem hunn d'USA, Guatemala, Honduras, Costa Rica, El Salvador an e puer weider Länner hir Ambassade; déi aner Staaten hunn hir bis op e puer Ausnamen zu Tel Aviv.

Ostjerusalem ass am Laf vum sougenannte Krich vu Sechs Deeg vun Israel ageholl an 1980 duerch e Grondgesetz annektéiert ginn. Dës Annexioun ass awer duerch déi aner Länner als ongesetzlech verurteelt an net unerkannt ginn. Besonnesch wat den ëstlechen Deel vun der Stad ugeet, deen als Bestanddeel vun engem spéidere Staat Palestina reklaméiert gëtt, gëtt et international Reserven.

Jerusalem ass eng vun den eelste Stied vun der Welt an ass, warscheinlech zanter 5.000 Joer, ouni Ënnerbriechung bewunnt. D'Géigesätz tëscht fréier an haut sinn an dëser Stad, déi vun enger multikultureller Gesellschaft bewunnt ass, däitlech z'erkennen.

D'Alstad vu Jerusalem besteet aus véier Quartieren, engem jiddeschen, engem chrëschtlechen, engem armeeneschen an engem mosleemeschen a ronderëm ass eng Mauer.

Kultur a Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

De bekanntsten Theater zu Jerusalem ass de Stadtheater.

Déi bedeitendst Muséeën zu Jerusalem sinn den Israel Musée mam Schräi vum Buch", de Rockefeller Musée fir Archeologie, den Holocaustmemorial Yad Vashem, den Naturhistoresche Musée an de Bazabel-Musée fir Vollekskonst a Folklore.

D'Alstad vu Jerusalem gouf 1981 vun der UNESCO op hir Lëscht vum Weltierwe gesat. Si ass zanter dem Mëttelalter vun enger bal voll erhalener Stadmauer ëmginn, där hir Originnen op dat 16. Joerhonnert zeréckgefouert ginn. Dës Mauer huet e puer Tierm an 8 Portalen. Am jiddeschen Deel steet d'Zionsportal; südwestlech dovu läit de Bierg Zion mat, wéi ugeholl gëtt, dem Graf vum Kinnek David. Ëstlech vun der Alstad läit den Ölberg mat dem Gard Getsemani.

Fir jiddereng vun de reliéise Communautéite bedeit d'Alstad vu Jerusalem vill: D'Chrëschte gesinn an hir d'Plaz wou Jesus Christus gelidden huet, gekräizegt ginn ass an operstanen ass; fir d'Judden ass et d'Haaptstad vum Kinnekräich vun de Judden; d'Mosleme brénge se schliisslech a Verbindung mam Prophet Mohammed. Déi zirka 400 Meter laang Klomauer, déi vun de Judde הכותל המערבי "Westlech Mauer" genannt gëtt, ass een Deel vun där Mauer, déi de Plateau stäipt a wou et ëmmer erëm zu Tëschefäll mat der mosleemescher Communautéit kënnt. Wichteg mosleemesch Bauwierker um Tempelbierg sinn haut de Fielsendoum an d'Al-Aqsa-Moschee.

Am neien Deel vun der Stad steet d'Gebai vum Parlament, der Knesset an do stinn och d'Regierungsgebaier.

Commons: Jerusalem – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. de West-Deel gëtt vum Staat Israel kontrolléiert an den Ost-Deel vum Staat Palestina