Nusantara
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Nusantara | |
---|---|
Land | Indonesien |
Vewaltungseenheet | Indonesien |
Awunner | 2000000 |
Fläch | 2561,42 km² |
Koordinaten | 0°58'22,7"S, 116°42'31,8"O |
Postcode | 62000–62999 |
Websäit | https://ikn.go.id/ |
Nusantara [nusanˈtara] (offiziellen Numm op Indoneesesch: Ibu Kota Negara Nusantara, ꦤꦸꦱꦤ꧀ꦠꦫ) ass d'Haaptstad vun der Republik Indonesien déi am Oste vun der Insel Borneo läit. Zanter dem 17. August 2024 ass si – amplaz vun Jakarta – déi nei Haaptstad vun der Republik Indonesien.
Nusantara läit no bei der Stad Balikpapan an der Provënz Kalimantan Timur.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Déi nei Haaptstad läit op enger Fläch vun 2.561 km² an der Provënz Kalimantan Timur. 20 Prozent vun der Fläch solle bebaut ginn an de Rescht ass fir Naturschutzgebidder, landwirtschaftleche Flächen a Bësch virgesinn.
Numm
[änneren | Quelltext änneren]De Begrëff Nusantara staamt aus dem Aljavaneeseschen (Kawi) a gouf eng éischt Kéier an der Geschichtschronik Paraton ernimmt. De Begrëff gëtt vun de Wierder nūsa “Insel” an antara “dertëschent leien” ofgeleet a beschreift d'Regioun tëscht dem asiatesche Festland an Australien. De Begrëff Nusantara gëtt haut an Indonesien mam Begrëff Archipel gläichgesat. Well en déi geographesch Situatioun vun Indonesien als Inselstaat gutt beschreift an international bekannt ass, huet de President Joko Widodo den Numm aus iwwer 80 Virschléi ausgewielt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nusantara – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit vun der Stad
- Nusantara - So heißt Indonesiens künftige Hauptstadt wort.lu, 17.01.2022
- Gigantisches Stadtprojekt - Indonesien baut neue Hauptstadt im Dschungel, wort.lu, 13.02.2022
- Megaprojekt Nusantara - Indonesiens künftige Hauptstadt: Urbanes Utopia oder Umweltgefahr? wort.lu, 18.01.2023
- Futuristische Smart City - Fliegende Taxis: Indonesiens neue Hauptstadt hebt ab wort.lu, 05.08.2023