Joko Widodo

Vu Wikipedia
Joko Widodo
Gebuertsnumm Mulyono
Gebuer 21. Juni 1961
Surakarta
Nationalitéit Indonesien
Aktivitéit Politiker, Entreprener, Ingenieur

De Joko Widodo, gebuer den 21. Juni 1961 zu Surakarta, Provënz Jawa Tengah, bekannt als Jokowi, ass en indoneeseschen Entreprener a Politiker. Hien ass zënter dem 20. Oktober 2014 President vu sengem Land.

De Widodo hat no sengem Studium fir Forstingenieur eng Miwwelentreprise gegrënnt. Vun 2005 bis 2012 war hie Buergermeeschter vu Surakarta. Duerno gouf en zum Gouverneur vum Haaptstaddistrikt (DKI) Jakarta gewielt.[1]

Den 9. Juli 2014 war hie Spëtzekandidat vun der Demokratescher Partei vum Kampf vun Indonesien (PDI-P) bei de Presidentschaftswalen. Hie krut nom offizielle Resultat 53,15 % vun de Stëmmen, wat awer vu sengem Konkurrent Prabowo Subianto kontestéiert gouf.[2]

Bei de Walen am Abrëll 2019 ass hien nach emol erëmgewielt ginn. Och déi Kéier war säi Konkurrent de Prabowo Subianto deen ewell d'Resultat kontestéiert huet. 5 Wochen no der Wal, gouf de Jokowi offiziell an d'Amt bestätegt, an dat mat 55,5 % vun de Stëmmen.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joko Widodo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jakartas Hoffnung. taz.de, 2012-09-22
  2. Indonesien: Verlierer Prabowo will gegen Wahlergebnis klagen. Spiegel Online, 2014-07-23
  3. Wahlsieg: Widodo bleibt Präsident Indonesiens. tagesschau.de, 2019-05-21