Instagram

Vu Wikipedia
Logo vun Instagram zënter 2022

Instagram ass e soziaalt Netzwierk, op deem d'Benotzer Fotoen a Videoe kënnen deelen. Et gehéiert der US-amerikanescher Entreprise Meta Platforms, zu där ënner anerem och Facebook a WhatsApp gehéieren.

D'Netzwierk gouf am Oktober 2010 vum Kevin Systrom a Mike Krieger fir d'Betribssystem iOS gegrënnt an ass séier populär ginn. No zwee Méint hat Instagram schonn zwou Millioune Benotzer, no engem Joer 10 Milliounen, an am Juni 2018 haten eng Milliard Mënschen e Profil op Instagram.

Facebook Inc., wéi Meta Platforms deemools geheescht huet, huet Instagram am Abrëll 2012 fir eng Milliard US-Dollar opkaaft. Am selwechte Mount gouf eng Android-Versioun lancéiert, an 2016 eng App fir Windows 10.

Obwuel Instagram och fir säi Succès an Afloss bewonnert gëtt, gëtt d'Plattform och fir säin negativen Afloss op d'mental Gesondheet besonnesch bei Jugendleche kritiséiert,[1],[2] a fir presuméiert Zensur[3],[4],[5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Instagram – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. northeastern.edu: Why does Instagram have a negative effect on teenagers’ mental health? vum Molly Callahan (20. September 2021)
  2. washingtonpost.com: For teens, navigating the mental health pitfalls of Instagram is part of everyday life vum Tatum Hunter (21. Oktober 2021)
  3. onlinemarketing.de: Das Problem mit der Zensur: Diese eigentlich harmlosen Bilder hat Instagram verbannt vum Tina Bauer (11. Oktober 2017)
  4. dw.de: Zensiert Instagram irankritische Beiträge? vum Shabnam von Hein (4. Juli 2022)
  5. sueddeutsche.de: Ästhetik der Zensur vum Michael Moorstedt (11. Juli 2022)