WhatsApp

Vu Wikipedia
Logo vu WhatsApp

WhatsApp Messenger, besser bekannt einfach als WhatsApp, ass e gratis a plattformonofhängege VoIP-Service. E funktionéiert als mobil App, déi et de Benotzer erlaabt Text- a Sproochnoriichten ze schécken, ze telefonéieren a Videouriff ze maachen a Biller, Dokumenter, de Standuert an anere Contenu ze deelen.

WhatsApp leeft generell iwwer dem Benotzer säin Handy, mee kann och iwwer e PC benotzt ginn. Dat ass méiglech soulaang dem Benotzer säin Handy mam Internet verbonnen ass.

Benotzer mussen eng Handysnummer hu fir WhatsApp kënnen ze benotzen.

WhatsApp gouf am Januar 2009 a Kalifornien lancéiert, an 2014 fir ongeféiert 19 Milliarden US-Dollar vu Facebook opkaaft. Mat iwwer 2 Milliarde Benotzer war WhatsApp am Februar 2020 eng vun de meeschtbenotzten Applikatiounen op der Welt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: WhatsApp – Biller, Videoen oder Audiodateien