Freeware

Vu Wikipedia

Freeware ass eng Software, déi den Endbenotzer gratis ka benotzen.

Et gëtt keng fest Reegelen, Lizenzen, oder een Endbenotzer-Lizenzvertrag (EULA) deen d'Freeware kloer definéiert. All Produzent definéiert seng eege Reegele fir seng Freeware. Esou erlaben zum Beispill e puer Produzenten d'Modifizéieren, d'Weiderverdeelen duerch d'Drëttparteien an de Reverse Engineering, an aner Produzente verbidden dat. Dat bedeit, datt d'Programméierer vun der Freeware den Endbenotzer hire Programm an der Reegel nëmme benotze loossen a si net op hiert Auteursrecht verzichten. Am Géigesaz zu fräier Software an zur Open-Source-Software, déi dacks och gratis disponibel ass, gëtt de Quelltext bei der Freeware also generell net zur Verfügung gestallt.

Freeware kann en Notze fir e Produzent hunn, andeem eng vereinfacht Versioun vun engem Programm gratis ugebueden gëtt, an de Benotzer fir eng méi leeschtungsfäeg Versioun bezuele muss.

Bekannt Freeware ass zum Beispill Skype, mat deem e gratis kann telefonéieren, oder den Adobe Acrobat Reader, mat deem ee PDF-Dokumenter kann opmaachen.