Software

Vu Wikipedia
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
OpenOffice.org Writer

Software (IPA: [ˈsɒftweə(ɹ)]) bezeechent an der Informatik all netphysesch an immateriell Komponente vun engem Computer oder engem Apparat, deen op d'mannst ee Mikroprozesser huet. D'Software ëmfaasst virun allem d'Computerprogrammer an d'Daten, déi vun deene Programmer verschafft ginn.

Den Ausdrock: Software steet am Allgemengen dem Ausdrock: Hardware, deen déi materiell Komponente vun engem Computer oder d'Peripherieapparate begräift, géigeniwwer.

Software, déi d'Endbenotzer gratis kënne benotzen heescht Freeware. Fräi Software an Open-Source-Software kann och gratis sinn, mee zousätzlech huet de Benotzer hei Zougank op de Quelltext.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]