Personal Computer

Vu Wikipedia
Den Desktopcomputer ass eng Aart PC

E Personal Computer, meeschtens einfach nëmme PC genannt, ass e multifunktionale Computer, deen duerch seng Gréisst, seng Fäegkeeten a säi Präis fir den individuelle Gebrauch gemaach ass. De PC ass geduecht, fir direkt vum Endbenotzer gebraucht ze ginn, am Géigesaz zu méi groussen a komplexe Computeren, déi vu méi wéi enger Persoun benotzt kënne ginn an déi vu Computerexperten oder -techniker gebraucht ginn.

An den 1960er hunn d'Besëtzer vun institutionellen a firmebedriwwe Computeren nach hir eege Computerprogrammer musse schreiwen, éier se domat schaffe konnten. PC-Benotzer kënnen dat nach ëmmer maachen, mee generell benotzen hir Betribssystemer gratis oder kommerziell Software, déi vun anere geschriwwe gouf an déi separat verkaaft oder distribuéiert gëtt.

Zënter den 1990er dominéieren d'Betribssystemer vu Microsoft (Microsoft Windows) an d'Hardware vun Intel de PC-Maart. Alternative zu Microsoft Windows sinn zum Beispill de macOS vun Apple an de gratis Linux.

D'Opkomme vu PCen an d'digital Revolutioun hunn d'Liewe vu de Mënschen iwwerall op der Welt signifikativ verännert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Personal computers – Biller, Videoen oder Audiodateien