Op den Inhalt sprangen

Linux

Vu Wikipedia
D'Linux Maskottchen Tux
Den Desktop vun der Distributioun Ubuntu 16.10

Linux bezeechent am strenge Sënn nëmmen de Linux-Kernel. Allerdéngs gëllt de Begrëff normalerweis och fir dat ganzt fräit Betribssystem.

Vun der Free Software Foundation a vu ville Puriste gëtt Linux och dacks GNU/Linux genannt, well Linux souwuel um Linux Kernel wéi och op de GNU-Tools opbaut. Publizéiert gëtt de Linux Kernel wéi och déi Toolen ënner der GNU GPL.

Linux als Betribssystem besteet aus e puer Deeler oder Programmen, déi vu Software-Entwéckler aus der ganzer Welt programmeiert a weiderentwéckelt ginn. Linux gëtt gewéinlech als sougenannte Linux-Distributioun ugebueden oder souguer verkaaft. Debian, Suse, Red Hat, Gentoo a Slackware sinn, fir just e puer Beispiller ze nennen, wäit entwéckelt Distributiounen.

Dat bal méi bekannt Maskottche vun der Linux-Gesellschaft ass de Pinguin Tux. Linux selwer ass e Markennumm, deen dem Linus Torvalds gehéiert.

De finneschen Universitéitstudent Linus Torvalds hat de Linux Kernel ursprénglech als Hobby geschriwwe wärend en op der Universitéit Helsinki studéiert huet. Den Torvalds hat am Ufank Minix op sengem Computer benotzt, ee vereinfachte Kernel dee vum Andrew Tanenbaum geschriwwe gi war fir Betribsystemdesign z'enseignéieren. Leider huet den Tanenbaum awer keng Extensioune fir säi Betribssystem ënnerstëtzt, wat den Torvalds dozou bruecht huet een Ersatz fir de Minix ze schreiwen. Obschonn datt am Ufank ee Minix System néideg war fir Linux z'installéieren an ze starten huet de Linux de Minix ganz séier iwwerholl wat d'Funktionalitéit ubelaangt.

Déi éischt Linux Versioun ass am September 1991 op den Internet gesat ginn, a kuerz drop, am Oktober, ass eng zweet Versioun nokomm (Kuckt heizou och [1]). Zanter dem Moment hunn dausende vun Developpeure rondrëm d'Welt beim Projet matgemaach. Dem Eric S. Raymond säin Essay The Cathedral and the Bazaar diskutéiert iwwer den Developementsmodèle vum Linux Kernel a vun änlecher Software.

D'Geschicht vum Linuxkernel ass enk mat där vum GNU verbonnen, ee bekannte fräie Software Projet dee vum Richard Stallman geleet gëtt. De GNU Projet ass 1983 gestart ginn fir ee komplette Unix-änleche Betribssystem, mat Entwécklertools an Endbenotzerapplikatiounsprogrammer z'entwéckelen, dee ganz aus fräier Software besteet. Wéi déi éischt Release vum Linux Kernel erauskomm ass, hat de GNU Projet schonn all néideg Komponente fir dee System produzéiert, ausser ebe just de Kernel. Den Torvalds an aner fréi Linux-Entwéckler hunn hire Kernel sou opgebaut datt e mat de GNU Komponenten a User-space Programmer zesummeschaffe konnt fir e voll funktiounsfäege Betribssystem ze sinn. De Linux Kernel a Betribssystem sinn ënner der GNU General Public License (GPL) lizenzéiert, déi verlaangt datt all Quellcodeännerungen an derivéiert Aarbechten och ënner der GPL musse lizenséiert ginn. Déi Method gëtt normalerweis als eng "deelt, an deelt mat" Lizenz bezeechent. Am Joer 1997 huet Linus Torvalds gesot datt "de Linux ënner d'GPL ze setzen definitiv dat bescht war wat ech jee gemaach hunn" (liest heizou och [2]).

De Linus Torvalds

Den Numm "Linux" ass net vum Torvalds selwer erausgesicht ginn, mä vum Ari Lemmke, Administrateur vum ftp.funet.fi, deen dem FTP Directory vun deem de Linux fir d'éischt disponibel war, en Numm ginn huet ([3]). D'geschützte Mark Linux (SN: 1916230) gehéiert dem Linus Torvalds, an ass registréiert fir "Computerbetribssystemer fir Computerbenotzung an -operatioun ze vereinfachen." D'Lizenzéierung vun der geschützter Mark gëtt elo vum Linux Mark Institute geréiert.

Wouhier kënnt den Numm Linux ?

[änneren | Quelltext änneren]

Dem Linus Torvalds no sollt d'Betribssystem eigentlech Freax heeschen, zesummegesat aus dem englesche Wuert Freak an dem X um Schluss vun Unix.

Wéi de Linus ugefaangen huet u sengem Minix-Clonen ze schaffen, huet en am Ufank d'Dateien ënner dem Numm Freax um FTP-Server vu senger Uni (Helsinki a Finnland) ofgeluecht. Den Numm Freax huet dem Administrateur vun deem Server awer net gefall an hien huet dann och déi ganz Saachen an den neien Dossier Linux gesat. Fir e groussen Opstand ze vermeiden, a sécherlech och well em déi néideg Fantasie gefeelt huet fir e besseren Numm ze fannen, huet den Torvalds näischt gesot, an déi nei Situatioun akzeptéiert.

Den Tux ass 1996 vum Larry Ewing gemoolt ginn. D'Iddi datt d'Linuxmaskottchen ausgerechent ee Pinguin soll sinn koum vum Linus Torvalds selwer, dem Schöpfer vum Linux.

Verschidde Leit behaapten den Numm kéim vun Torvalds UniX, een Numm dee vum James Hughes virgeschloe ginn ass. Mä am Allgemenge gëtt ugeholl, datt den Numm vun tuxedo kënnt, Englesch fir Frack (de Pinguin kuckt jo sou aus wéi wann hien ee Frack unhätt).

Den Tux ass fir ee Linux Logo's Concours gemoolt ginn. Biller vun anere Propositioune kënnen um fonnt ginn. De Gewënner ass vum Larry Ewing mam Gimp gemoolt ginn. De Gimp ass ee fräie Molprogramm. De Larry Ewing huet de Pinguin der Communautéit mat follgende Konditiounen zur Verfügung gestallt:

D'Erlabnes fir d'Bild ze benotzen an/oder et z'änneren ass ginn ënner der Konditioun datt der mech an de GIMP als Auteur unerkennt, wann ee freet.

Den Torvalds huet no eppes Witzeges a Sympathesches gesicht wat ee mat Linux associéiere kann, an ee liicht décke Pinguin, dee sech no enger gudder Molzecht liddreg dohi sëtzt huet perfekt gepasst!

Den Tux ass een Ikon fir d'Linux an d'Open Source Communautéit ginn, an et huet souguer ee brittesche Linux User Group ee Pinguin vum Bristol Zoo adoptéiert. De Pinguin ass méi bekannt wéi säi grousse Frënd, de GNU, ee friddlecht a scheit Gnu deen de GNU Projet representéiert.

Den Tux ass dacks verschidden ugedoen duergestallt, jee no Kontext; zum Beispill, wann hie fir de PaX Sécherheetsalgorithmus steet huet hien een Helm un, a fuchtelt mat enger Aaxt an engem Schëld rondrëm, a seng Ae si rout.

Tux ass och den Haaptacteur vun engem Linux Spill wat Tux Racer genannt gëtt, an deem de Spiller den Tux iwwer eng Rei veräisten Hiwwelen erofsteiert, op sengem Bauch, an deem e probéiert Hierken ze frupsen, an d'Zäitlimit ze klappen. Den Tux ass och eng Figur vum Web comic User Friendly.

A verschiddenen Linux Distributioune seet den Tux dem Utilisateur moie wärend dem booten, a Multiprozessersystemer weise souvill Tuxe wéi Prozessoren do sinn.

TUX ass och den Numm vun engem Webserver deen am Linux Kernel leeft, dee capabel ass statesch Websäite fir méi séier ze zerwéiere wéi traditionell Servere wéi den Apache HTTP Server. Dës Software gëtt vu Red Hat ënnerhalen.

Commons: Linux – Biller, Videoen oder Audiodateien