1991
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1987 |
1988 |
1989 |
1990 |
1991
| 1992
| 1993
| 1994
| 1995
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1991.
D'Joer 1991 huet op engem Dënschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 13. Januar: Beim Stuerm op den Televisiounstuerm zu Vilnius duerch d'sowjetesch Arméi gi 14 onbewaffnet Litauer ëmbruecht an eng 1000 blesséiert (Vilniusser Blutsonndeg).
- 13. Januar: Presidentschaftswalen a Portugal, de Mário Soares gëtt erëmgewielt.
- 17. Januar: Den Helmut Kohl gëtt vum éischte Bundestag no der Erëmvereenegung als Bundeskanzler erëmgewielt.
- 17. Januar: De Kinnek Harald V. gëtt Staatschef an Norwegen.
- 15. Februar: Polen, Ungarn an d'Tschechoslowakei dinn sech an der Visegrád-Grupp zesummen.
- 3. Mäerz: Bal 78 % vun den Este sinn dofir, nees onofhängeg ze ginn.
- 3. Mäerz: Referendum a Lettland iwwer d'Onofhängegkeet vun der Sowjetunioun.
- 31. Mäerz: Éischt fräi Walen an Albanien.
- 31. Mäerz: De Warschauer Pakt gëtt opgeléist (militäresch Strukturen).
- 26. Mee: De Swiad Gamsachurdia gëtt Staatspresident a Georgien.
- 12. Juni: De Boris Jelzin gewënnt d'Presidentschaftswalen a Russland.
- 20. Juni: D'däitscht Parlament decidéiert, vu Bonn op Berlin ze plënneren.
- 25. Juni: Kroatien a Slowenien ginn onofhängeg vu Jugoslawien.
- 1. Juli: De Warschauer Pakt (de Pakt selwer) gëtt opgeléist.
- 19. August: Putschversuch géint de Michail Gorbatschow an der Sowjetunioun.
- 20. August: Estland gëtt vu Russland onofhängeg.
- 21. August: Lettland gëtt nees onofhängeg.
- 21. August: A Lettland gëtt d'Constitutioun vun 1922 erëm a Kraaft gesat.
- 24. August: D'Ukrain gëtt onofhängeg.
- 27. August: Moldawien gëtt onofhängeg.
- 31. August: De Kirgisistan an den Usbekistan ginn onofhängeg.
- 8. September: Mazedonien gëtt onofhängeg.
- 6. Oktober: Parlamentswalen a Portugal; d'Sozialdemokrate vum Ministerpresident Aníbal Cavaco Silva behalen hir absolut Majoritéit.
- 7. Oktober: Zagreb gëtt vu Serbie bombardéiert.
- 13. Oktober: Éischt Parlamentswalen no der neier Constitutioun a Bulgarien.
- 17. Oktober: Éischt demokratesch Walen a Polen.
- 8. Dezember: Russland, d'Ukrain a Wäissrussland decidéieren, datt d'Sowjetunioun opgeléist soll ginn an d'Communautéit vun den Onofhängege Staaten (COS) gegrënnt gëtt.
- 9. Dezember: Europäesche Sommet zu Maastricht, d'Staats- a Regierungscheffe gi sech eens iwwer den Text vum Traité iwwer d'Europäesch Unioun.
- 23. Dezember: Nei, demokratesch Verfassung a Slowenien.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Den Uewersauerstauséi gëtt wéinst Reparaturaarbechten um Barrage ganz eidellafe gelooss.
- 1. Januar: Eng Steierreform trëtt zu Lëtzebuerg a Kraaft.
- 2. Februar: De Fernand Franck gëtt zum neien Äerzbëschof vu Lëtzebuerg geweit.
- 1. Mäerz: Déi éischt Nummer vun der Wochenzeitung Gréngespoun kënnt eraus.
- 27. Juli: Per Gesetz ginn nei Radiossenderen zougelooss an e Soziokulturelle Radio geschaf.
- 15. November: Déi éischt Fläsche Crémant de Luxembourg kommen op de Maart.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 20. Januar: Éischt fräi an demokratesch Walen a São Tomé a Príncipe.
- 28. Februar: Den Idriss Déby gëtt zum neie President vum Tschad ernannt.
- 3. Mäerz: De Miguel Trovoada gëtt Staatspresident vu São Tomé a Príncipe.
- 18. Mee: Somaliland erkläert seng Onofhängegkeet vu Somalia (se gëtt international net unerkannt).
- 1. Oktober: Nei Verfassung a Sierra Leone.
- 31. Oktober: Éischt fräi Presidentschafts- a Parlamentswalen a Sambia.
- 24. Dezember: De Blaise Compaoré gëtt zum Staatspresident vu Burkina Faso gewielt.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 29. Abrëll: D'ganz Plageregioun a Bangladesch gëtt duerch eng Flutwell zerstéiert; 200.000 Doudeger an op d'mannst 1 Millioun Leit ouni Daach iwwer dem Kapp.
- 12. Mee: Éischt demokratesch Parlamentswalen am Nepal.
- 1. Juni: De Vulkan Pinatubo brécht op de Philippinnen aus, bal 1.000 Doudeger a 400.000 ouni Daach iwwer dem Kapp.
- 9. September: Tadschikistan gëtt onofhängeg.
- 21. September: Armenien gëtt onofhängeg.
- 18. Oktober: Aserbaidjan gëtt onofhängeg.
- 19. Oktober: Äerdbiewen an Indien, ëm déi 2.000 Doudeger.
- 27. Oktober: Turkmenistan gëtt onofhängeg.
- 16. Dezember: Kasachstan gëtt onofhängeg.
- 21. Dezember: Aserbaidjan, Armenien, Kasachstan, Moldawien, Tadschikistan, Turkmenistan an Usbekistan trieden der COS bäi.
- 22. Dezember: Kirgisistan trëtt der COS bäi.
- 25. Dezember: De Michail Gorbatschow trëtt als President vun der Sowjetunioun zeréck.
- 25. Dezember: Georgie gëtt duerch d'Opléise vun der Sowjetunioun onofhängeg.
- 26. Dezember: Den Ieweschte Sowjet decidéiert, d'Sowjetunioun den 31. Dezember opzeléisen.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Noen Osten an Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]- 16. Januar: Ufank vu Loftattacken op d den Irak.
- 17. Januar: Ufank vun der militärescher Befreiung vum Kuwait.
- 28. Februar: Armistice mam Irak nom Zweete Golfkrich.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- De Literaturnobelpräis geet un déi südafrikanesch Romanschrëftstellerin Nadine Gordimer
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 4. Mee: D'Carola gewënnt fir Schweden mam Lidd Fångad av en stormvind de 36. Eurovision Song Contest zu Roum.
Kino
[änneren | Quelltext änneren]Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- 19. September: Den "Ötzi" gëtt an de Südtiroler Alpen fonnt.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Bréissel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1992, 0:3 géint Belsch.[1]
- 11. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1992, 0:2 géint Belsch.[2]
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Portugal. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Carlo Weis geschoss.[3]
- 13. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Cardiff, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1992, 0:1 géint Wales.[4]
- 18. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Leverkusen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1992, 0:4 géint Däitschland.[5]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- 2. Januar: Nicolas Wagner, lëtzebuergeschen Dressurreider.
- 4. Januar: Laure Kieffer, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 7. Januar: Eden Hazard, belsche Foussballspiller.
- 8. Januar: Jeff Feller, lëtzebuergesche Politiker.
- 31. Januar: Ju Wenjun, chineesesch Schachspillerin.
- 2. Februar: Lynn Schreiner, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 3. Februar: Maryse Welsch, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 8. Februar: Max Kohl, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 16. Februar: Prinzessin Alexandra vu Lëtzebuerg.
- 17. Februar: Ed Sheeran, brittesche Sänger a Songwriter.
- 13. Mäerz: Luan Santana, brasilianesche Komponist a Sänger.
- 21. Mäerz: Antoine Griezmann, franséische Foussballspiller.
- 28. Mäerz: Dean Gindt, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 31. Mäerz: Sophie Mousel, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 12. Abrëll: Gilles Thierry, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 17. Abrëll: Samira Efendi, aserbaidjanesch Sängerin.
- 4. Mee: Dana Gales, lëtzebuergesch Schwëmmerin.
- 23. Mee: Lena Meyer-Landrut, däitsch Popsängerin.
- 23. Mee: César Pinares, chileenesche Foussballspiller.
- 12. Juni: Natascha De Sousa Fernandes, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 17. Juni: Kai Linster, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 23. Juni: Michael Cannon, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 28. Juni: Maxim Ladid, lëtzebuergesche Pianist.
- 8. Juli: Manija, russesch-tadjikesch Sängerin, Komponistin an Aktivistin.
- 15. Juli: Kevin Malget, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 22. Juli: Paul Bossi, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 13. August: Noémie Tiberi, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 12. September: Jill Bausch, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 7. Oktober: Tom Meis, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 9. Oktober: Billy Bernard, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Oktober: Alexandre Rodenbourg, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 29. Oktober: Daniel Zuidberg, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 8. November: Magaly Meynadier, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 10. November: Elina Netšajeva, estesch Sängerin.
- 6. Dezember: Martin Ontiveros, US-amerikanesche Foussballspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 10. Januar: Will Battin, lëtzebuergeschen Auteur.
- 17. Januar: Olav V., Kinnek vun Norwegen.
- 20. Januar: Louis Seigner, franséische Schauspiller.
- 23. Januar: Jules Pierret, lëtzebuergesche Jurist.
- 7. Februar: Marcel Hopp, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 13. Februar: Paul Leuck, lëtzebuergesche Journalist.
- 14. Februar: Robert Als, lëtzebuergesche Jurist, Diplomat a Politiker.
- 19. Februar: François Lascombes, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Historiker an Auteur.
- 1. Mäerz: Marcel Frick, lëtzebuergesche Journalist.
- 2. Mäerz: Serge Gainsbourg, franséische Sänger, Komponist an "Enfant terrible".
- 4. Mäerz: Arnold Schaack, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 30. Mäerz: Silvia Monfort, franséisch Schauspillerin a Schrëftstellerin.
- 31. Mäerz: Édouard Widung, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 3. Abrëll: Graham Greene, brittesche Romanschrëftsteller.
- 4. Abrëll: Max Frisch, Schwäizer Architekt a Schrëftsteller.
- 8. Abrëll: Pierre Grégoire, lëtzebuergesche Politiker a Schrëftsteller
- 16. Abrëll: David Lean, brittesche Filmregisseur.
- 18. Abrëll: Austin Bradford Hill; brittesche Medezin-Statistiker.
- 20. Abrëll: Don Siegel, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1. Mee: Richard Thorpe, US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur.
- 2. Mee: Joseph Noerden, lëtzebuergesche Schauspiller an Dichter.
- 2. Mee: Robert Elter, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik
- 3. Mee: Jerzy Kosiński, US-amerikaneschen Auteur.
- 6. Mee: Wilfrid Hyde-White, englesche Schauspiller.
- 8. Mee: Rudolf Serkin, éisträichstämmegen US-amerikanesche Pianist.
- 20. Mee: Fernand Salentiny, lëtzebuergeschen Auteur.
- 21. Mee: Rajiv Gandhi, indesche Premierminister.
- 23. Mee: René Lefèvre, franséische Schauspiller an Auteur.
- 26. Mee: Claudine Dupuis, franséisch Schauspillerin.
- 6. Juni: Stan Getz, US-amerikanesche Saxophonist.
- 8. Juni: Claudio Arrau, chileenesche Pianist.
- 8. Juni: Heidi Brühl, däitsch Schauspillerin a Sängerin.
- 18. Juni: Tony Bourg, lëtzebuergeschen Auteur a Literaturwëssenschaftler.
- 23. Juni: Michael Pfleghar, däitsche Filmregisseur.
- 23 Juni: Piero Lulli, italieenesche Schauspiller.
- 23. Juni: Lea Padovani, italieenesch Schauspillerin.
- 27. Juni: Paul Bleser, lëtzebuergesche Geolog.
- 28. Juni: Arnold Kieffer, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 2. Juli: Lee Remick, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 7. Juli: Marcel Brillon, lëtzebuergeschen Naturfotograf.
- 16. Juli: Robert Motherwell, US-amerikanesche Moler.
- 18. Juli: André Cools, belsche Politiker.
- 20. Juli: Rellys, franséische Schauspiller a Sänger.
- 29. Juli: Christian de La Croix de Castries, franséischen Offizéier.
- 2. August: Hans Vehrenberg, däitsche Steierberoder an Amateurastronom.
- 5. August: Soichiro Honda, japaneschen Entreprener; Grënner vun der Honda Motor Co.
- 7. August: Lucien Kraus, lëtzebuergesche Jurist a Resistenzler.
- 9. August: Caroline Cartier, franséisch Schauspillerin.
- 16. August: Luigi Zampa, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 21. August: Wolfgang Hildesheimer, däitschstämmege Schrëftsteller a Kënschtler.
- 30. August: Jean Tinguely, Schwäizer Moler a Sculpteur.
- 3. September: Frank Capra, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 4. September:Tom Tryon, US-amerikanesche Schauspiller an Auteur.
- 10. September: Michel Soutter, Schwäizer Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 16. September: Bruno Paolinelli, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. September: Ray Cillien, lëtzebuergesche Boxer.
- 25. September: Klaus Barbie, Nationalsozialist, "Boucher de Lyon".
- 25. September: Viviane Romance, franséisch Dänzerin a Schauspillerin.
- 26. September: Billy Vaughn, US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist an Dirigent.
- 27. September: Karl-Heinz Köpcke, däitschen Noriichte-Speaker.
- 28. September: Miles Davis, US-amerikaneschen Jazz-Trompettist.
- 28. September: Helga Sommerfeld, däitsch Schauspillerin.
- 29. September: Félix Welter, lëtzebuergesche Jurist.
- am September: Manfred R. Köhler, däitsche Filmregisseur.
- 9. Oktober: Roy Black, däitsche Schlagersänger a Schauspiller.
- 10. Oktober: Adrien Ries, lëtzebuergeschen Auteur.
- 10. Oktober: Camille Libar, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 13. Oktober: Donald Houston, brittesche Schauspiller.
- 24. Oktober: Céline Besch-Schmit, lëtzebuergesch Mykologin.
- 25. Oktober: Valérie Kuborn, lëtzebuergesch Molerin.
- 29. Oktober: Jean Schmit, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 2. November: Hannes Messemer, däitsche Schauspiller.
- 3. November: Mort Shuman, US-amerikanesche Sänger.
- 4. November: Reggie Nalder, éisträichesche Schauspiller.
- 5. November: Fred MacMurray, US-amerikanesche Schauspiller.
- 9. November: Yves Montand, franséische Schauspiller a Sänger.
- 12. November: Gabriele Tinti, italieenesche Schauspiller.
- 14. November: Tony Richardson, brittesche Filmregisseur a -schauspiller.
- 18. November: Gustáv Husák, slowakesche Politiker a Staatspresident vun der Tschechoslowakei.
- 18. November: Eugen York, däitsche Filmregisseur.
- 23. November: Klaus Kinski, polneschstämmege Schauspiller.
- 24. November: Freddie Mercury, brittesche Rocksänger.
- 4. Dezember: Eugène Pesch, Sammler vu Fossilien, Mineraler a Minièresgeschier.
- 4. Dezember: Paul Reuter, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 20. Dezember: Walter Chiari, italieenesche Schauspiller.
- 21. Dezember: Jempi Kemmer, lëtzebuergesche Komponist a Museker.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: 1991 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 27. Februar 1991 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 11. September 1991 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal den 12. Oktober 1991 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Wales-Lëtzebuerg den 13. November 1991 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg den 18. Dezember 1991 op der Websäit vun European Football