Idriss Déby

Vu Wikipedia
Idriss Déby
Gebuer 18. Juni 1952
Gestuerwen 20. Abrëll 2021
N'Djamena
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Tschad
Educatioun Institut aéronautique et école de pilotage Amaury de la Grange
Aktivitéit Politiker, Militär
Partei MPS
Famill
Bestuet mat Hinda Deby Itno
Kanner Brahim Déby, Mahamat Déby Itno

Den Idriss Déby (Arabesch: دريس ديبي), gebuer den 18. Juni 1952 zu Berdoba a gestuerwen den 20. Abrëll 2021 zu N'Djaména, war en Offizéier a Staatsmann aus dem Tschad. Hie war zanter 1990[1][2] bis zu sengem Doud Staatspresident vum Land.

Hie koum mat Hëllef vu Frankräich un d'Muecht, andeems en den Hissène Habré vun der Spëtzt vum Land verdriwwen huet. 1992 gouf hien offiziell zum President vun der Republik Tschad ernannt. Bei de Presidentewale vun 1996, 2001, 2006, 2011, 2016 an 2021 gouf hien allkéiers erëmgewielt.

Vun 2016 bis 2017 war hien zousätzlech President vun der Afrikanescher Unioun.

2020 gouf den Déby zum Marschall ernannt, nodeems en eng Offensiv géint Djihadiste gewonnen hat. E puer Méint dono, just nodeems e fir d'fënneft erëmgewielt gouf, gouf en op der Front bei enger géignerescher Offensiv déidlech blesséiert.

Ee vu senge Bouwen, de Generol Mahamat Idriss Déby huet direkt dono d'Spëtzt vum Conseil militaire de transition iwwerholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Idriss Déby – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Idriss Déby, président du Tchad, est mort des suites de ses blessures « sur le champ de bataille », selon l'armée. www.lemonde.fr (2021-04-20). Gekuckt de(n) 2021-04-20.
  2. Chad President Idriss Deby killed on frontline, son to take over. www.reuters.com (2021-04-20). Gekuckt de(n) 2021-04-20.