Hissène Habré
Hissène Habré | |
---|---|
Gebuer |
13. August 1942 Faya-Largeau |
Gestuerwen |
24. August 2021 Dakar |
Doudesursaach | COVID-19 |
Nationalitéit | Tschad |
Educatioun | Institut d'études politiques de Paris |
Aktivitéit | Politiker, Militär |
Den Hissène Habré (op Arabesch aus dem Tschad: حسين حبري; och alt als Hissein Habré tranksribéiert), gebuer den 13. August 1942 zu Faya-Largeau, a gestuerwen de 24. August 2021 zu Dakar, am Senegal[1], war e Politiker aus dem Tschad, vum Vollek vun den Toubous an dem Clan Anakaza. Hie war tëscht 1982 an 1990 President vun der Republik Tschad, nom Staatsstreech géint de Goukouni Oueddei.
Wärend senger Regierungszäit huet hien, nodréigleche Schätzunge vun enger Untersuchungskommissioun no, systematesch Folterungen an eng 40.000 politesch Muerden autoriséiert, besonnesch vu Leit, déi zu den ethnesche Gruppe vun de Sara (1984), den Hadjerai (1987) an den Zaghawa (1989) gehéiert hunn, wat him de Spëtznumm "Pinochet vun Afrika" abruecht huet.[2]
Den Habré gouf wéinst Verbrieche géint d'Mënschlechkeet vun engem Geriicht zu N'Djamena par contumace zum Doud verurteelt. Hie goung an de Sengal an den Exil, ma gouf op en Neits 2015 zu Dakar wéinst Verbrieche géint d'Mënschheet, Krichsverbriechen a Folter ugeklot. Säi Prozess war deen éischten, deen an Afrika nom Prinzip vun der Universeller Kompetenz gefouert gouf[3]. 2017 gouf hien, an Appel, zu liewenslänglechem Prisong verurteelt.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jacques Le Cornec: Les mille et un Tchad. 1. Aufl., L'Harmattan, Paris u. a. 2002, ISBN 2-7475-3723-4.
- Alioune Sall: L'affaire Hissène Habré : aspects judiciaires nationaux et internationaux. L'Harmattan, Paris 2013, ISBN 978-2-296-99549-9.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Fiche bei TRIAL INTERNATIONAL.
- The Trial of Hissène Habré, op Human Rights Watch.
- Chad ex-leader sentenced to death. bbc.co.uk, 15. August 2008.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Urgent-Dakar: Hissein Habré emporté par la Covid-19." pressafrik.com, 2021-08-24.
- ↑ Olaf Bruns: Der Fall von Afrikas Pinochet. in: Europolitan 23. Januar 2006.
- ↑ https://www.hrw.org/fr/news/2012/09/11/questions-et-r-ponses-sur-l-affaire-hiss-ne-habr-devant-les-chambres-africaines-extr.