Op den Inhalt sprangen

Afrikanesch Unioun

Vu Wikipedia
Afrikanesch Unioun (AU)
Fändel vun Afrika
Fändel vun Afrika
Emblem vun Afrika
Emblem vun Afrika
Hymn Let Us All Unite and Celebrate Together
Memberstaaten 55
Amtssproochen Arabesch
Englesch
Franséisch
Portugisesch
Spuenesch
Swahili
Haaptstad Addis Abeba
Presidence João Lourenço (wiesselt all Joer)
Generalsekretär Moussa Faki (Kommissiounspresident)
Sëtzer Addis Abeba,
Ethiopien (Haaptsëtz)
Midrand,
Südafrika (Parlament)
Fläch 29.922.059 km²
Awunnerzuel 1,494 Milliarden (2024, geschat)
Wärung
Grënnung 9. Juli 2002
Feierdag 25. Mee (Afrikadag)
Zäitzonen UTC-1 bis UTC+4
Internet-TLD .africa
Websäit au.int
██ Memberstaate vun der Afrikanescher Unioun██ Memberschaft suspendéiert: vu Westen no Osten: Guinea, Mali, Burkina Faso, Niger a Sudan

D'Afrikanesch Unioun, ofgekierzt AU, ass eng Vereenegung vu 55 afrikanesche Staate mat enger totaler Awunnerzuel vu knapp 1,5 Milliarde Mënschen.

D'Afrikanesch Unioun gouf de 25. Mee 1963 ënner dem Numm Organization of African Unity („Organisatioun fir eng afrikanesch Eenheet“), ofgekierzt OAU, gegrënnt. Dës Organisatioun sollt eng Kooperatioun op alle Gebidder an Afrika erméiglechen, am Ufank nach mat 53, duerno mat 55 Memberen. Den 9. September 1999 gouf dunn d'Afrikanesch Unioun als Nofollger vun der OAU gegrënnt.

Marokko gouf 2017 erëm an d'Unioun opgeholl, nodeems et 1984 aus der OAU ausgetruede war. Grond war den ëmstriddene Westsahara-Konflikt. D'Westsahara erkläert sech fir onofhängeg, iwwerdeems Marokko den Territoire fir sech beusprocht. Schonn 1984 gouf den Abuja-Traité ënnerschriwwen, dee virgesäit eng eenheetlech Afrikanesch Wärung, den Afro – nom Virbild vum Euro – anzeféieren.

Organer an Organisatioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Afrikanesch Unioun setzt sech aus verschiddenen Institutiounen an Organer zesummen:

Panafrikanescht Parlament (PAP)

[änneren | Quelltext änneren]

D'Zil ass et, datt d'Parlament dat wichtegst legislatiivt Organ vun der Afrikanescher Unioun gëtt. De Sëtz vum Parlament ass zu Midrand a Südafrika. D'Parlament setzt sech aus 265 Vertrieder zesummen, déi aus de 55 Memberstaate gewielt ginn, a suergt fir d'Participatioun vun der Zivilgesellschaft am demokratesche Gouvernance-Prozess.

De President vum PAP ass zënter dem 29. Juni 2022 de Fortune Charumbira (Simbabwe).[1]

D'Assemblée (oder Konferenz) setzt sech aus de Staats- a Regierungscheffe vun de Memberstaaten zesummen. D'Assemblée ass den Ament dat iewescht Organ vun der AU. Si delegéiert lues a lues en Deel vun hiren Decisiounsbefugnisser un d'Parlament. Se kënnt op d'mannst eemol d'Joer zesummen an hëlt hir Decisioun duerch Konsens oder mat enger Zwee-Drëttel-Majoritéit.

De President vun der Konferenz ass e Staats- oder Regierungschef, deen eng erneierbar Amtszäit vun engem Joer gewielt gëtt. Den aktuelle President vun der Assemblée ass de João Lourenço, de President vun Angola.

D'Kommissioun ass d'Sekretariat vun der AU a besteet aus zéng Kommissären (dorënner ee President an ee Vizepresident) an huet hire Sëtz zu Addis Abeba. Grad wéi d'Europäesch Kommissioun, ass se d'exekutiv Autoritéit .

De 15. Februar 2025 gouf de Mahamoud Ali Youssouf (Dschibuti) fir eng Dauer vu véier Joer als President vun der Kommissioun gewielt[2].

Den Exekutivrot besteet aus Ministeren, déi vun de jeeweilege Regierungen designéiert ginn. En hëlt Decisiounen an de Beräicher vum internationalen Handel, der Sozialversécherung, der Liewensmëttelindustrie, der Landwirtschaft an der Kommunikatioun. D'Entscheedunge ginn duerch Konsens oder mat enger zwee Zwee-Drëttel-Majoritéit vun de Memberstaate geholl. Fir prozedural Froe geet eng einfach Majoritéit duer.

Dës Lëscht weist d'Memberstaate vun der Afrikanescher Unioun mat der Regioun, dem kompletten Numm, der Haaptstad, der Bevëlkerung, der Fläch, de Sproochen, dem Bäitrëttsdatum an eng eventuell Suspendéierung. Se begräift:

  • déi 55 Memberstaaten, woubäi
  • d'Memberschaft vun aktuell 5 Staate suspendéiert ass.
Memberstaate vun der Afrikanescher Unioun (Stand: Juli 2025[3])
Nr Regioun Staat oder Territoire Offizielle Staatsnumm Haaptstad Fläch [km²][4] Fläch [%] Awunner Amtssprooch(en) Bäitrëtt

(OAU oder AU)

Suspendéierung
Flagge der afrikanischen Union Afrikanesch Union 30.582.547 100 1.494.176.169
1 Nordafrika Algerien Demokratesch Volleksrepublik Algerien Algier 2.381.740 7,79 46.814.308 Arabesch, Kabylesch 25. Mee 1963
2 Südlecht Afrika Angola Republik Angola Luanda 1.247.000 4,08 37.885.849 Portugisesch 11. Februar 1975
3 Westafrika Benin Republik Benin Porto Novo 112.622 0,37 14.462.724 Franséisch 25. Mee 1963
4 Südlecht Afrika Botswana Republik Botsuana Gaborone 581.730 1,90 2.521.139 Englesch, Setswana 31. Oktober 1963
5 Westafrika Burkina Faso Burkina Faso Ouagadougou 274.200 0,90 23.548.781 Franséisch 25. Mee 1963
6 Zentralafrika Burundi Republik Burundi Gitega 27.830 0,09 14.047.786 Englesch, Franséisch, Kirundi 25. Mee 1963
7 Westafrika Cap Vert Republik Cap Vert Praia 4.033 0,01 524.877 Portugisesch 18. Juli 1975
8 Westafrika Côte d'Ivoire Republik Côte d'Ivoire Yamoussoukro (de jure)
Abidjan (de facto)
322.463 1,05 31.934.230 Franséisch 25. Mee 1963 2010–2011
9 Ostafrika Dschibuti Republik Dschibuti Dschibuti 23.200 0,08 1.168.722 Arabech, Franséisch 27. Juni 1977
10 Nordafrika Egypten Arabesch Republik Egypten Kairo 1.001.450 3,27 116.538.258 Arabesch 25. Mee 1963 2013–2014
11 Zentralafrika Equatorialguinea Republik Equatorialguinea Malabo (de jure)
Ciudad de la Paz (de facto)
28.051 0,09 1.892.516 Portugisesch, Spuenesch, Franséisch 12. Oktober 1968
12 Ostafrika Eritrea Staat Eritrea Asmara 117.600 0,38 3.535.603 Arabesch, Tigrinya 24. Mee 1993 2008–2011
13 Südlecht Afrika Eswatini Kinnekräich Eswatini Mbabane (de jure)
Lobamba (de facto)
17.364 0,06 1.242.822 Englesch, Siswati 24. September 1968
14 Ostafrika Ethiopien Demokratesch Bundesrepublik Ethiopien Addis Abeba 1.104.300 3,61 132.059.767 Amharesch 25. Mee 1963
15 Zentralafrika Gabun Gabunesch Republik Libreville 267.667 0,88 2.538.952 Franséisch 25. Mee 1963
16 Westafrika Gambia Republik Gambia Banjul 11.300 0,04 2.759.988 Englesch 9. Mäerz 1965
17 Westafrika Ghana Republik Ghana Accra 238.533 0,78 34.427.414 Englesch 25. Mee 1963
18 Westafrika Guinea Republik Guinea Conakry 245.857 0,80 14.754.785 Franséisch 25. Mee 1963 zanter 2021
19 Westafrika Guinea-Bissau Republik Guinea-Bissau Bissau 36.125 0,12 2.201.352 Portugisesch 19. November 1973
20 Zentralafrika Kamerun Republik Kamerun Yaoundé 475.440 1,55 29.123.744 Englesch, Franséisch 25. Mee 1963
21 Ostafrika Kenia Republik Kenia Nairobi 580.367 1,90 56.432.944 Englesch, Swahili 13. Dezember 1963
22 Ostafrika Komoren Unioun vun de Komoren Moroni 2.235 0,01 866.628 Arabesch, Franséisch, Komoresch 18. Juli 1975
23 Zentralafrika Demokratesch Republik Kongo Demokratesch Republik Kongo Kinshasa 2.344.858 7,67 109.276.265 Franséisch 25. Mee 1963
24 Zentralafrika Republik Kongo Republik Kongo Brazzaville 342.000 1,12 6.332.961 Franséisch 25. Mee 1963
25 Südlecht Afrika Lesotho Kinnekräich Lesotho Maseru 30.355 0,10 2.337.423 Englesch, Sesotho 31. Oktober 1963
26 Westafrika Liberia Republik Liberia Monrovia 111.369 0,36 5.612.817 Englesch 25. Mee 1963
27 Nordafrika Libyen Libyen Tripolis 1.759.540 5,75 7.381.023 Arabesch 25. Mee 1963
28 Ostafrika Madagaskar Republik Madagaskar Antananarivo 587.041 1,92 31.964.956 Franséisch, Malagasy 25. Mee 1963 2009–2014
29 Südlecht Afrika Malawi Republik Malawi Lilongwe 118.484 0,39 21.655.286 Chichewa, Englesch 13. Juli 1964
30 Westafrika Mali Republik Mali Bamako 1.240.192 4,06 24.478.595 Franséisch 25. Mee 1963 2012
zanter 2020
31 Nordafrika Marokko[5] Kinnekräich Marokko Rabat 716.550 2,34 38.081.173 Arabesch, Marokkanescht Tamazight 25. Mee 1963/31. Janaur 2017
32 Nordafrika Mauretanien Islamesch Republik Mauretanien Nouakchott 1.030.700 3,37 5.169.395 Arabesch 25. Mee 1963 2005–2009
33 Ostafrika Mauritius Republik Mauritius Port Louis 2.040 0,01 1.271.169 Englesch August 1968
34 Südlecht Afrika Mosambik Republik Mosambik Maputo 799.380 2,61 34.631.766 Portugisesch 18. Juli 1975
35 Südlecht Afrika Namibien Republik Namibia Windhoek 824.292 2,70 3.030.131 Englesch Juni 1980
36 Westafrika Niger Republik Niger Niamey 1.267.000 4,14 27.032.412 Englesch, Hausa, Igbo, Yoruba 25. Mee 1963
37 Westafrika Nigeria Bundesrepublik Nigeria Abuja 923.768 3,02 212.915.636 Englesch, Franséisch, Kinyarwanda, Swahili 25. Mee 1963
38 Ostafrika Ruanda Republik Ruanda Kigali 26.338 0,09 14.256.567 Englesch 16. Dezember 1964
39 Südlecht Afrika Sambia Republik Sambia Lusaka 752.618 2,46 21.314.956 Englesch 16. Dezember 1964
40 Zentralafrika São Tomé a Príncipe Demokratesch Republik São Tomé a Príncipe São Tomé 964 0,00 235.536 Portugisesch 18. Juni 1980
41 Westafrika Senegal Republik Senegal Dakar 196.722 0,64 18.501.984 Franséisch 25. Mee 1963
42 Ostafrika Seychellen Republik Seychellen Victoria 455 0,00 130.418 Englesch, Franséisch, Seychellenkreol 29. Juni 1976
43 Westafrika Sierra Leone Republik Sierra Leone Freetown 71.740 0,23 8.642.022 Englesch 25. Mee 1963
44 Südlecht Afrika Simbabwe Republik Simbabwe Harare 390.757 1,28 16.634.373 Chichewa, Chibarwe, Englesch, Kalanga, Khoisan, Nambya, Ndau, Nord-Ndebele, Shangani, Sotho, Shona, Chitonga, Setswana, Tshivenda, IsiXhosa 18. Juni 1980
45 Ostafrika Somalia[6] Republik Somalia Mogadischu 637.657 2,09 19.009.151 Arabesch, Somali 25. Mee 1963
46 Südlecht Afrika Südafrika Republik Südafrika Bloemfontein (Judikativ)
Kapstad (Legislativ)
Pretoria (Exekutiv)
1.219.090 3,99 64.007.187 Afrikaans, Englesch, Süd-Ndebele, isiXhosa, isiZulu, Nord-Sotho, Sesotho, Setswana, Siswati, Tshivenda, Xitsonga 6. Juni 1994
47 Ostafrika Sudan Republik Sudan Khartum 1.861.484 6,09 50.448.963 Arabesch, Englesch 25. Mee 1963
48 Ostafrika Südsudan Republik Südsudan Dschuba 644.329 2,11 11.943.408 Englesch 27. Juli 2011
49 Ostafrika Tansania Vereenegt Republik Tansania Dodoma (de jure)
Daressalam (de facto)
947.300 3,10 68.560.157 Englesch, Swahili 25. Mee 1963
50 Westafrika Togo Republik Togo Lomé 56.785 0,19 9.515.236 Franséisch 25. Mee 1963
51 Zentralafrika Tschad Republik Tschad N'Djamena 1.284.000 4,20 20.299.123 Arabesch, Franséisch 25. Mee 1963
52 Nordafrika Tunesien Tuneesesch Republik Tunis 163.610 0,53 12.277.109 Arabesch 25. Mee 1963
53 Ostafrika Uganda Republik Uganda Kampala 241.038 0,79 50.015.092 Englesch, Swahili 25. Mee 1963
54 Nordafrika Westsahara[7] Demokratesch Arabesch Republik Sahara Ajun (de jure)
Tifariti (de facto)
266.000 0,87 600.000[8] Arabesch, Spuenesch 22. Februar 1982
55 Zentralafrika Zentralafrikanesch Republik Zentralafrikanesch Republik Bangui 622.984 2,04 5.330.690 Franséisch, Sango 25. Mee 1963 2013–2016
 Commons: Afrikanesch Unioun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (en) President. Pan-African Parliament. Gekuckt de 16.07.2025.
  2. (en) African leaders elect Djibouti's foreign minister as new leader of the African Union Commission. AP News (15.02.2025). Gekuckt de 16.07.2025.
  3. (fr) États membres | Union africaine. au.int. Gekuckt de 16.07.2025.
  4. Area - The World Factbook. www.cia.gov. Gekuckt de 06.07.2025.
  5. ouni Westsahara
  6. inklusiv Somaliland
  7. Anescht wéi d'AU als Ganzt, erkennt d'Majoritéit vun de Memberstaaten d'Republik net un (just 19 AU-Staaten erkennen s'un, 17 weiderer hunn hir ursprénglech Unerkennung zeréckgezunn). D'Gebitt ass bal komplett ënner der Kontroll vu Marokko.
  8. (de) Deutsche Stiftung Weltbevölkerung (DSW), DSW-DATENREPORT 2022 (PDF) (2022). Gekuckt de 06.07.2025.