Demokratesch Republik Kongo
| Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| République Démocratique du Congo Demokratesch Republik Kongo | |
|---|---|
|
Lag vum Land | |
| National Devise | |
|
« Paix, Justice, Travail » Franséisch fir „Fridde, Gerechtegkeet, Aarbecht“ | |
| Allgemeng Informatiounen | |
| Offiziell Sprooch | Franséisch |
| Haaptstad | Kinshasa |
| Staatsform | Presidialrepublik, zanter 1978 |
| Staatsleedung | |
| President vun der Demokratescher Republik Kongo | Félix Tshisekedi |
| Premierminister vun der Demokratescher Republik Kongo | Sylvestre Ilunga |
| Geographie a Bevëlkerung | |
| Fläch | 2.345.410 km² |
| Bevëlkerung | 105.789.731 (2023) |
| Geschicht a Staatssymboler | |
| Onofhängegkeet | vun der Belsch: 30. Juni 1960 |
| Nationalhymn | Debout Congolais |
| Praktesch Informatiounen | |
| Wärung | Kongo-Frang (CDF) |
| Zäitzon | UTC +1 bis +2 |
| Internet-TLD | .cd |
| Internationalen Telefonsprefix | +243 |
D'Demokratesch Republik Kongo ass e Staat an Zentralafrika. E läit um Equator a grenzt am Norden un d'Zentralafrikanesch Republik an un de Sudan, am Osten un den Uganda, de Ruanda, de Burundi an un Tansania. Seng südëstlech Grenz ass mam Sambia, südwestlech läit den Angola. Am Westen huet en Zougang op den Atlantik, doriwwer läit nach e Stéck vum Angola an de Rescht grenzt un d'Republik Kongo.
D'Land housch vun 1971 bis 1997 Republik Zaire ((fr) République du Zaïre).
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]D'Majoritéit vun der Bevëlkerung, ëm déi 80%, gehéiert zum Bantu-Vollek, déi wichtegst Gruppen dovu sinn d'Kongo, d'Mongo, d'Luba an d'Lunda. 15 % stame vu Sudangruppen, déi virun allem am Norden ugesidelt sinn. Minoritär gëtt et nach d'Niloten am Nordosten, an d'Pygmäen an d'Hamiten am Osten. Déi wäiss, meeschtens belsch Bevëlkerung huet bis ongeféier Enn vun den 1960er-Joren d'Land bal ganz verlooss.
Déi Demokratesch Republik Kongo huet eng geschate 70,9 Mio. Awunner (2010). D'Bevëlkerungsdicht läit bei 32 Awunner pro km². An de leschte Jore gouf et massiv Mouvementer vu Flüchtlingen. D'Bevëlkerung konzentréiert sech haaptsächlech op d'Biergbaugebitt Katanga (Shaba) an op den ënneschte Laf vum Kongo-Floss.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Democratic Republic of the Congo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- CIA World Factbook (en)