Malawi
| Dziko la Malaŵi Republic of Malawi | |||||
| |||||
| National Devise: Unity and Freedom (Eenheet a Fräiheet) | |||||
| Offiziell Sprooch: | Englesch (offiziell) Chichewa (national) | ||||
| Haaptstad: | Lilongwe | ||||
| Staatsform: | Republik | ||||
| • President: | Peter Mutharika | ||||
| Fläch: | 118 484[1] km² | ||||
| • Dovu Waasser: | 20% % | ||||
| Bevëlkerung: | 22,224,282.[2] | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 187,6/km² | ||||
| Onofhängegkeet: | vu Groussbritannien, de 6. Juli 1964 Republik zanter dem 6. Juli 1966 | ||||
| Nationalfeierdag: | 6. Juli | ||||
| Nationalhymn: | Mlungu salitsani malawi | ||||
| Wärung: | Malawi Kwacha (MWK) | ||||
| Zäitzon: | UTC +2 | ||||
| Internet TLD: | .mw | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+265 | ||||
D'Republik Malawi (chichewa: Dziko la Malaŵi, engl: Republic of Malawi) ass e Staat a Südostafrika. Malawi grenzt am Osten a Süden u Mosambik, am Norden un Tansania an am Westen u Sambia. Bal e Véirels vum Staatsgebitt ass Waasser; de Malawiséi, den drëttgréisste Séi an Afrika, läit fir de gréissten Deel bannent de Staatsgrenzen a mécht am Nordosten eng natierlech Grenz zu Tansania a Mosambik.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Klima
[änneren | Quelltext änneren]D'Klima ass gréisstendeels subtropesch. D'Reenzäit dauert vun November bis Abrëll, de Mee-Oktober ass dogéint eng dréchen Zäit mat wéineg Reen. Laanscht d'Küst vum Malawi Séi, am Dall vum Floss Shire an an der Géigend ëm Lilongwe ass d'Klima éischter waarm a fiicht.
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]Sproochen
[änneren | Quelltext änneren]Offiziell Sprooche sinn Nyanja (Chichewa) an Englesch. Regional gëtt och nach Lomwe, Yao, Bengali, Tumbuka a Sena geschwat.
Reliounen
[änneren | Quelltext änneren]Keng offiziell Staatsrelioun.
73 % Chrëschten (dovu 55 % Protestanten), 20 % sunittesch Moslemen, 5 % sinn Unhänger vun Naturreliounen.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Zanter 1994 ass Malawi eng Demokratie.
Administrativ Ënnerdeelungen
[änneren | Quelltext änneren]Malawi ass an dräi Regiounen (regions) ënnerdeelt. D'Regioune sinn a 27 Distrikter gegliddert déi nach eng Kéier an 137 Haiptlengsgebidder an an 68 Ënnerhaiptlengsgebidder ënnerscheet ginn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Malawi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- www.malawi.gov.mw Offiziell Websäit vum Gouvernement vum Malawi
