Tuvalu

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen


Tuvalu

Fändel vun Tuvalu

Wope vun Tuvalu

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Tuvaluesch, Englesch
Haaptstad: Atoll vu Funafuti
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Kinnigin: Elizabeth II.
 • Premierminister: Enele Sopoaga
Fläch: 26 km²
Bevëlkerung: 10.640 2012 (196.)
 • Bevëlkerungsdicht: 475,88/km²
Onofhängegkeet: 1. Oktober 1978 (vu Groussbritannien)
Nationalhymn: Tuvalu mo te Atua
Währung: Tuvalueschen Dollar
Australeschen Dollar
Zäitzon: UTC +12
Internet TLD: .tv
Internationalen
Telefonsprefix
:
+688

Tuvalu ass e polyneseschen Inselstaat am Pazifik. E läit ongeféier an der Mëtt tëscht Hawaii an Australien a besteet aus dräi Riffer a sechs richtegen Atoller. D'Land hat 2012 10.640 Awunner, op enger Landfläch vu 26 Quadratkilometer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Awunner op Tuvalu ware Polynesier. Et gëtt ugeholl, datt se vu Samoa an Tonga op den tuvaluaneschen Atoll koumen an Tuvalu eng Tëschenetapp fir eng weider Migratioun a Melanesien an a Mikronesien war.

1568 ass de spuenesche Séifuerer Álvaro de Mendaña als éischten Europäer duerch d'Archipel gesegelt, wéi hien op senger Sich no Australien d'Insel Nui gesinn huet. 1819 ass d'Insel Funafuti, déi haut d'Haaptstad vun Tuvalu ass, Ellice's Island genannt ginn. Spéider ass deen Numm fir all néng Insele benotzt ginn. Am spéiden 19. Joerhonnert sinn d'Ellice's Islands an d'Aflossgebitt vu Groussbritannien gefall, nodeems d'Briten an déi Däitsch e Vertrag iwwer d'Demarkatioun vun hiren Aflossgebitter am pazifeschen Ozean ënnerschriwwen haten. Tëscht dem 9. an dem 16. Oktober 1892 sinn all d'Ellice Islands vum Kapitän Gibson zu engem britesche Protektorat erkläert ginn. Vun 1892 bis 1916 sinn d'Ellice Islands als britescht Protektorat vun engem "Resident Commissioner" verwalt ginn, als Deel vun de Britesche Westpazifeschen Territoiren, a vun 1916 bis 1976 als Deel vun der Kolonie Gilbert and Ellice Islands.

Am Dezember 1974 gouf e Referendum gehale fir ze determinéieren, ob d'Gilbert Islands an d'Ellice Islands allebéid hir eege Verwaltung sollte kréien. Als Konsequenz op dee Referendum huet d'Kolonie vun den Gilbert and Ellice Islands den 1. Januar 1976 opgehalen ze existéieren. Tuvalu ass am Kader vum Commonwealth den 1. Oktober 1978 voll onofhängeg ginn. De 5. September 2000 ass Tuvalu dat 189. Member vun de Vereenten Natioune ginn.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Tuvalu läit ost-nordëstlech vun der Insel Santa Cruz, déi zu de Solomoninsele gehéiert, südëstlech vun Nauru, südlech vu Kiribati, westlech vun Tokelau, nordwestlech vu Samoa a Wallis a Futuna an nërdlech vu Fiji.

Den Inselstaat ass dicht bewunnt, a besteet aus néng Korallriffer (dovu sechs Atoller) ouni räichhaltege Buedem, déi wäit ausernee leien. Aacht vun den néng Insele si bewunnt. Tuvalu ass ee vun de klengste Staaten op der Welt, a säin héchste Punkt läit nëmme 4,6 Meter iwwer dem Mier. Doduerch ass d'Land staark vun de Konsequenzen vum Klimawandel an dem Steige vum Mieresspigel betraff.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst senger klenger Gréisst an der Isolatioun ass Tuvalu bal komplett vun Importer ofhängeg, besonnesch wat Liewensmëttel a Kraaftstoff betrëfft. D'Wirtschaft gëtt vum ëffentleche Secteur dominéiert. Et gi wéineg natierlech Ressourcen ausser Fësch. D'Akommes duerch den Export vu Fësch an de Verkaf vu Fëschereilizenzen ass eng bedeitend Geldquell fir d'Regierung. 2013 huet d'Akommes vun de Fëschereilizenzen iwwer 45% vum Bruttoinlandsprodukt representéiert.

Déi offiziell Hëllef vun auslänneschen Entwécklungspartner ass och wichteg. Tuvalu huet e bedeitende Patrimoine am Ausland. Den Tuvalu Trust Fund, en internationalen Treihandfong, ass 1987 ugeluecht ginn. Säi Wäert ass 2014 op 104 Milliounen USD geklommen.

De finanziellen Impakt vum Klimawandel an d'Käschte vu klimaspezifesch Adaptatiounsprojeten gëllen als eng grouss zukënfteg Erausfuerderung fir d'Land.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tuvalu – Biller, Videoen oder Audiodateien