Op den Inhalt sprangen

Bahamas

Vu Wikipedia
The Commonwealth of the Bahamas

Fändel vu Bahamas

Wope vu Bahamas

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Englesch
Haaptstad: Nassau
  Awunner: 399.440 (2023)
Staatsform: Parlamentaresch Monarchie
  Kinnek: Charles III.
  Premierminister: Philip Davis
Fläch: 13.939 km²
Bevëlkerung: 399.440 (2023)
  Bevëlkerungsdicht: 29/km²
Onofhängegkeet: 10. Juli 1973 vum Vereenegte Kinnekräich
Nationalfeierdag: 10. Juli
Nationalhymn: March On, Bahamaland
Wärung: Bahama-Dollar (BSD)
Zäitzon: UTC -5
Internet TLD: .bs
Internationalen
Telefonsprefix
:
+1

D'Bahamas, mam ganzen Numm The Commonwalth of the Bahamas, ass eng Inselgrupp nërdlech vu Kuba a südëstlech vun den USA. Den Inselstaat an der Karibik besteet aus 690 Inselen déi sech iwwer 800 km erstrecken a vun deenen nëmmen 29 bewunnt sinn.

D'Haaptstad, an zugläich gréisst Stad ass Nassau op der Insel New Providence.

De Christoph Kolumbus huet den 12. Oktober 1492 d'Bahamas entdeckt an op der Insel San Salvador am Osten ugeluecht.

D'Bahamas si Member vum Brittesche Commonwealth a vun de Vereenten Natiounen. De Staat erkennt d'Kinnigin Elisabeth II. vu Groussbritannien als Staatscheffin un, déi vun engem Generalgouverneur representéiert gëtt.

De legislative System berout op zwou Branchen, der parlamentarescher Assemblee an dem Senat.

Bei der Vollekszielung 1990 goufen et 255.00 Awunner, dovun 72 % Schwaarzer, 14 % Mulatten, an 12 % Wäisser.

Déi offiziell Sprooch ass Englesch, donieft ass Kreolesch wäit verbreet.

D'Bahamas ass eng wichteg Finanzplaz, déi, wéi och Lëtzebuerg, fir d'Domziliatiounen, ënner anerem vu Captive-Gesellschaften, gesicht ass.

Een anere wichtegen ekonomesche Facteur ass den Tourismus.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Bahamas – Biller, Videoen oder Audiodateien