Salomonen

Vu Wikipedia
Lag vun de Salomoninselen

D'Salomonen ass e Staat an Ozeanien.

Staats- a Regierungsform[änneren | Quelltext änneren]

D'Salomonen sinn eng parlamentaresch Monarchie, déi sech op d'Konstitutioun vun 1978 stäipt. Hei wunnen 477.000 Leit, d'Haaptstad vun de Salomonen ass Honiara.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Salomonen leien 160 Grad Ost, 9 Grad Süd vum Equator, an ëmfaassen 992 Inselen, vun deenen allerdéngs der nëmmen 147 bewunnt sinn. Dëst ëmstreckt eng Süd- Ost Zon vu 1.448 km, a läit tëscht Papua-Neiguinea an Vanuatu. D'Fläch vum ganzen Archipel ëmfaasst 461.000 km2, wouvun nëmmen ee Brochdeel Landmass ass. Et gëtt sechs gréisser Inselen, Choiseul, New Georgia, Santa Isabel, Guadalcanal, Malaita a Makira.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt ugeholl datt d'Salomonen tëscht 4.000 an 5.000 viru Christus vu Südostasien aus besidelt goufen. Eréischt am 16. Joerhonnert sinn d'Europäer op d'Salomonen opmierksam ginn. 1568 ass de Spuenier Alvaro de Mendana op Guadalcanal komm, an wéi hien do Gold entdeckt hat, huet e gemengt et wier dem legendäre Kinnek Salomon säi Schatz. Sou ass d'Insel dunn och zu hirem Numm komm. 1893 huet sech Groussbritannien dunn New Georgia, Guadalcanal, Makira a Malaita ënner den Nol gerappt. 1896 ass Tulagi zur Protectorat-Haaptstad gemaach ginn. Déi aner Haaptinselen si lues a lues bis 1900 derbäikomm.
Wärend dem Zweete Weltkrich hu sech dunn d'Japaner an d'Britten ëm d'Insele gestridden, an hunn eng sëllege Schëffswracken hannerlooss. Gläichzäiteg hunn d'Insele vun der Infrastruktur déi do vun der Arméi opgeriicht gouf, dat ware Landebunne fir Fligere a Stroossen, profitéiert.

De 7. Juli 1978 war et dunn sou wäit, d'Salomonen kruten hir Onofhängegkeet vun de Britten.
Zwanzeg Joer mei spéit, 1998 si Feindseelegkeeten op Guadalcanal tëscht verschiddene Volleksstämm ausgebrach. Australien an aner Pazifik- Noperen hunn am Juli 2003 d'RAMSI (Regional Assistance Mission to Solomon Islands) an d'Liewe geruff, an zanter do ass et erëm roueg ginn.

Am Moment[Wéini ?] ass eng legitim gewielte Regierung um Pouvoir.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

D'Leit gehéieren zu der melanesescher Volleksgrupp. Zu där gehéieren och d'Leit vu Papua-Neiguinea, Vanuatu, Neikaledonien a Fidschi. Hautdesdaags liewe 70 bis 80 % vun de Leit a klengen Dierfer, baussent de groussen Agglomeratiounen. D'Salomonen sinn an néng Provënzen, an an den Haaptstadbezierk Honiara agedeelt:

Provënz Haaptstad Fläch
km²
Awunner
1 Central Tulagi 794 21.577
2 Choiseul Taro 3.837 20.008
3 Guadalcanal Honiara 5.336 60.275
4 Isabel Buala 3.500 20.421
5 Makira an Ulawa Kirakira 3.188 31.006
6 Malaita Auki 4.425 122.620
7 Rennell a Bellona Tigoa 671 3.500
8 Temotu Lata 895 18.912
9 Western Gizo 5.475 68.000
3* Haaptstadbeziërk Honiara 22 49.107
Salomonen Honiara 28.143 292.806

Flora a Fauna[änneren | Quelltext änneren]

Déi gréisst Insele vun de Salomonen si vu vulkaneschem Urspronk a mat üppegen tropesche Bëscher bewuess. Et gëtt geschat datt et do 4.500 Planzen- an 173 Déierenaarte gëtt. Wéinst der entleeëner Lag, si vill Déieren endeemesch, dat heescht et gëtt se nëmmen op där Plaz.

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Ronn 95 % vun den Awunner si Chrëschten:

Mëttlerweil kommen och nei Reliounen derbäi:

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Wirtschaft vun de Salomonen ass kräfteg um Wuessen, souguer am Krisejoer 2009. Am Joer 2007 ass d'Ekonomie souguer ëm 10 % gewuess. 2006 war de BIP/Awunner bei 775 US$. Den Haaptundeel vun der Bevëlkerung schafft an der Landwirtschaft. Een Deel vum staarke Wuesstem ass och dem RAMSI ze verdanken. 2010 soll och eng Goldminn zu Guadalcanal gestart ginn. D'Solomon Taiyo Company ass ee wichtegen Exportateur vun Thon.[1]

Klima[änneren | Quelltext änneren]

D'Salomonen si semitropesch, haaptsächlech waarm a fiicht, mat konstanter Temperatur, vun 26-28 °C. Déi fiichtste Saison ass vun November bis Abrëll, wou och mol deen een oder aneren Tropestuerm kann opkommen. Deen naasste Mount ass de Mäerz mat méi wéi 300 mm, wärend de Juni am dréchensten ass, mat nëmmen 80 mm Reen[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Salomonen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. content&view=article&id=76&Itemid=18 Visit Solomon Islands
  2. Weather on the Solomon Islands