Honiara
Honiara | |
---|---|
![]() | |
Land: | ![]() |
Insel: | Guadalcanal |
Fläch: | 22 km² |
Awunner: | 84.520 (2017) |
Bevëlkerungsdicht: | 3.842 Aw./km² |
Zäitzon: | UTC+11 |

Honiara ass d'Haaptstad vun de Salomonen, a läit un der Nordküst vun der Insel Guadalcanal. Verschidde Quelle schwätze vun 68.000 Awunner.[1]

Universitéit[änneren | Quelltext änneren]
Zu Honaria gëtt et d'University of the South Pacific Solomon Islands. Dat ass eng vun de wichtegsten Universitéite fir de Südpazifik[2], a gëtt ënnerstëtzt vun 12 Pazifik Inselen:
Klima[änneren | Quelltext änneren]
Guadalcanal ass eng tropesch Insel, mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 29 °C a vill Fiichtegkeet. Déi fiicht Saison vu Guadalcanal ass vum November bis Mee. Ëm déi Zäit ass d'Gefor fir en Zyklon grouss.
Geographie[änneren | Quelltext änneren]
Koordinate vun Honiara sinn: 9° 32' Süd, 160° 12' Ost
Guadalcanal ass 145 km laang a 40 km breet. Am Süde vun der Insel si Koralleriffer, an déi héchst Bierger sinn eng 2500 m héich.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Honiara – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Archive copy Gearchiveerd op 2010-10-20. Gekuckt de(n) 2010-01-24.
- ↑ http://www.usp.ac.fj/