Canberra
| Canberra | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Australien |
| Vewaltungseenheet | Australeschen Haaptstadterritoire |
| Awunner | 381.488 |
| 2014 | |
| Fläch | 471,78 km² |
| Héicht | 578 m |
| Koordinaten | 35°17'35"S, 149°7'37"O |
| Telefonszon | 0251 |
| Postcode | 2600–2617 |
| Websäit | https://act.gov.au |
|
| |
|
| |
Canberra ass d'Haaptstad vun Australien, an huet méi wéi 350.000 Awunner. Si ass, wéinst Rivalitéiten tëscht Sydney a Melbourne ëm 1908 als Haaptstad gewielt ginn, an d'Bauaarbechten hunn den 20. Februar 1913 ugefaangen.[1] D'Stad, déi fir sou wéineg Awunner eng iwwerduerchschnëttlech grouss Fläch huet (se ass fofzéngmol méi grouss wéi d'Stad Lëtzebuerg), ass a 7 verschidde Bezierker opgedeelt. Déi si lues a lues am Laf vum 20. Joerhonnert besidelt ginn, a bestinn hirersäits erëm aus verschiddene Quartieren:
- North Canberra, 14 Quartieren
- South Canberra, 13 Quartieren
- Woden Valley, 12 Quartieren
- Belconnen, 25 Quartieren
- Weston Creek, 8 Quartieren
- Tuggeranong, 19 Quartieren
- Gungahlin, 12 Quartieren
Geographesch Positioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Stad läit am Australian Capital Territory (ACT). Si ass 150 km vun der australescher Ostküst ewech, 286 km südwestlech vu Sydney a 669 km nordëstlech vu Melbourne.
|
|
Klima
[änneren | Quelltext änneren]Canberra huet en temperéiert Klima, mat véier verschiddene Joreszäiten.[2] Am Duerchschnëtt ass et allerdéngs méi waarm wéi a Mëtteleuropa. Am Summer, virun allem am Januar, kann et duerchaus och mol gutt an déi 30 °C ginn. De fiichteste Mount ass am Fréijoer den Oktober mat 65,3 mm Nidderschlag, an den dréchenste Mount ass am Hierscht/Wanter de Juni, mat 39,6 mm. Schnéifall op der anerer Säit ass e raart Evenement, an ass bis elo eréischt zweemol observéiert ginn, obwuel et reegelméisseg fréiert.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Canberra – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Städte in Australien: Canberra
- ↑ Statistics for AUS_ACT.Canberra.Airport_RMY, Australian Government, Bureau of Meteorology
