Summer

Vu Wikipedia
Joreszäiteschema, Iwwersiicht iwwer d'Referenzlinne vun der Äerdbunn
Joreszäiteschema, Iwwersiicht iwwer d'Referenzlinne vun der Äerdbunn
E Feld am Summer

De Summer ass vun de véier Joreszäiten déi wäermst an der temperéierter an arktescher Klimazon. Jee nodeem, ob en op der Nord- oder Südhallefkugel ass, ënnerscheet een tëscht Nord- a Südsummer. Den Nordsummer fält mam Südwanter zesummen. Well de Zenitstand vun der Sonn tëscht südlechem an nërdlechem Wendekrees changéiert, widderhëlt sech de Summer all Joer op all Hemisphär.

Astronomesch fänkt de Summer mat der Summersonnewend: dem Zäitpunkt, zu deem d'Sonn vertikal iwwer dem Wendekrees steet an d'Deeg am längste sinn. Op der Nordhallefkugel ass dat den 21. Juni, op der Südhallefkugel den 21. oder 22. Dezember. Duerno ginn d'Deeg nees méi kuerz an d'Nuechte méi laang. De Summer ass mat der Equinoxe den 22. oder 23. September am Norde resp. den 20. Mäerz oder an der Nuecht zum 21. Mäerz am Süden zu Enn.

Well d'Ëmlafbunn vun der Äerd ëm d'Sonn liicht elliptesch ass, also vun enger exakter Kreesbunn ofwäicht, sinn déi véier Joreszäiten net genee gläich laang. Den Nordsummer ass e bësse méi laang a méi mëll wéi de Südsummer, well wärend dem Nordsummer d'Richtung vun der Äerd zu der Sonn sech eppes méi lues ännert.

De Summer gëllt och als d'Joreszäit vun der gréisserer Liewensfreed. Dat geschitt duerch déi méi héich Temperaturen, an doduerch datt ee méi an der fräier Natur ka sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Summer – Biller, Videoen oder Audiodateien