Fréijoer
D'Fréijoer ass eng vun de véier Joreszäiten an der temperéierter Klimazon. No dem Fréijoer kënnt de Summer, dorop den Hierscht a schliisslech de Wanter.
Jee nodeem, ob d'Fréijoer op der Südhallefkugel oder op der Nordhallefkugel ass, ënnerscheet een tëscht Nordfréijoer a Südfréijoer. Well den Zenitstand vun der Sonn sech tëscht dem südlechen an nërdleche Wendekrees verännert, widderhëlt sech d'Fréijoer op all Hemisphär am Turnus vun engem Joer.
Zäitraum
[änneren | Quelltext änneren]De Fréijoersufank kann entweeder astronomesch, also no der Positioun vun der Äerd zur Sonn, oder phenologesch, no dem Entwécklungsstadium vun de Planze festgeluecht ginn.
Astronomesch fänkt et mat der Fréijoersequinoxe un:
- op der Nordhallefkugel den 20. oder 21., a seelene Fäll schonn den 19. Mäerz
- op der Südhallefkugel den 22. oder 23. September
Mat dem astronomesche Summerufank, den 21. Juni hält d'Fréijoer ëmmer de selwechten Dag op.
An der Meteorologie fänkt d'Fréijoer ëmmer den 1. Mäerz un. Et gouf aus Grënn vun einfacher Statistikféierung op den Éischte vum Mount verluecht an ass, meteorologesch gesinn, wéi och déi dräi aner Joreszäite Summer, Hierscht a Wanter - genee dräi Méint laang. Sou kënnen d'Joreszäite méi einfach an „dréchen“, „waarm“, „kal“ asw. agedeelt ginn.
Wëssenswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Am Mëttelalter huet een nach kee Fréijoer kannt, op de Wanter koum gläich de Summer.
- A ville Kulture gëtt et Fréijoersfester. Sou loosse sech zum Beispill verschidde kierchlech beweeglech Feierdeeg vum Fréijoersufanksdatum ofleeden.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Fréijoer – Biller, Videoen oder Audiodateien |