Hierscht



Den Hierscht ass – als eng vun de véier Joreszäiten – d'Iwwergangszäit tëscht dem Summer an dem Wanter. An den temperéierten Zonen ass et déi Zäit, an där d'Blieder vun de Beem falen, an déi lescht Feldfriichten erageholl ginn.
D'Wuert Hierscht ass Famill mat dem engleschen harvest, lat. carpere (= plécken) a griich. karpós (Fruucht, Ertrag). Et kënnt vum indogerm. sker (= schneiden). D'Ufanksbedeitung vum Hierscht ass „Zäit vun der Fruucht“, „Zäit vum Plécken“ oder „Zäit vun der Recolte“.
Weideres
[änneren | Quelltext änneren]Jee nodeem ob den Hierscht op der Süd- oder op der Nordhallefkugel vun der Äerd ass, ënnerscheet een tëscht Südhierscht an Nordhierscht. Well de Zenitstand vun der Sonn e stännegen Zyklus tëscht dem südlechen an nërdleche Wendekrees huet, widderhëlt sech den Hierscht all Joer op all Hemisphär.
Astronomesch fänkt den Hierscht mat der Hierscht-Equinox un:
- op der Nordhemisphär den 22. oder 23. September,
- op der Südhemisphär den 20. Mäerz oder an der Nuecht op den 21. Mäerz,
an ass fäerdeg:
- mat der Wantersonnewend den 21. oder 22. Dezember op der Nordhallefkugel,
- oder den 21. Juni op der Südhallefkugel.
Well d'Ëmlafbunn vun der Äerd ëm d'Sonn ëm 1,7 Prozent vun enger Kreesbunn ofwäicht, sinn déi 4 Joreszäiten net grad d'selwecht laang. Dëst wierkt sech och eppes op de phenologeschen Hierschtufank aus, dee klimatesch vum astronomeschen ofwäiche kann. Et ënnerscheet een dobäi och tëscht dem Fréihierscht, Vollhierscht an dem Spéithierscht.
Am Hierscht verfierwe sech d'Blieder op de Beem, ier se dann eroffalen. D'Ursaach ass de luese Réckzuch vum Planzesaaft an de Stamm resp. an d'Wuerzelen. De Chlorophyll gëtt ofgebaut an aner Blatfaarfstoffer suerge fir d'Fierwen. Bei dëse Faarfstoffer handelt et sech z. B. ëm Carotinoiden an Anthocyanen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Hierscht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) Fotoe vum Hierscht