Haaptstad

Vu Wikipedia
Panorama vun der Lëtzebuerger Haaptstad, 1899

Eng Haaptstad ass de Sëtz vun der Vertriedung vun der Souveränitéit vun engem Staat (Demokratie: Parlament, Monarchie: Residenz).

Normalerweis sinn Haaptstad a Regierungssëtz identesch, mä et gëtt awer och Ausnamen, wéi z. B.: Holland, wou d'Haaptstad Amsterdam, de Regierungssëtz awer Den Haag ass.

Ganz dacks ass d'Haaptstad och déi gréisst Stad an dee wichtegsten Ekonomies-, Verkéiers-, Industrie-, a Kulturzentrum vun engem Staat.

Natierlech gëtt et och hei Ausnamen, wéi z. B. an der Tierkei: Haaptstad ass Ankara, gréisst Stad ass awer Istanbul; a Marokko: Haaptstad Rabat, gréisst Stad ass awer Casablanca, asw....

Südafrika huet ze soen dräi "Haaptstied", woubäi keng déi gréisst Stad ass: D'Parlament ass zu Kapstad, de Verwaltungs- a Regierungszentrum ass zu Pretoria (Tshwane), Gerichtshäff sinn zu Bloemfontein a gréisst Stad ass Johannesburg.

Verschidde Länner hunn eng Planghaaptstad, wéi z. B. Brasilien: Brasília, Australien: Canberra, Nigeria: Abuja an neierdéngs och Myanmar mat Pyinmana.

Follgend Staaten hu keng Haaptstad: Monaco, Nauru an de Vatikanstad.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haaptstied – Biller, Videoen oder Audiodateien